Léiffrawëschdag

d'kierperlech Opname vun der Muttergottes an den Himmel um Enn vun hirem ierdesche Liewen
(Virugeleet vu(n) Maria Himmelfaart)

Léiffrawëschdag, Maria Himmelfaart oder Mariä Himmelfaart (Assumptio Mariae op Latäin) ass e kathoulesche Feierdag, deen de 15. August gefeiert gëtt.

E Kuerf mat Krautwëscher
Maria Himmelfaart am Münster St. Georg zu Dinkelsbühl

Et ass e gesetzleche Feierdag zu Lëtzebuerg, a gëtt och nach Léiffrakrautdag, Krautwëschdag, Muttergottesdag oder an der Ëmgangssprooch Maria klamm op genannt. Gefeiert gëtt op dësem Dag, datt d'Maria, dem Jesus seng Mamm, an den Himmel opgeholl gouf.

Traditionell gëtt deen Dag zu Lëtzebuerg de Krautwësch geseent, e Bëndel vun zesummegebonne Kraider a Friichten, och einfach Wësch genannt. Vun dëser Traditioun staamt dann och den Numm Léiffrawëschdag fir Mariä Himmelfaart.

Zanter dem 29. Oktober 2020 gehéiert Léiffrawëschdag zum nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg.

Entwécklung

änneren

Léiffrawëschdag, respektiv Mariä Himmelfaart gëtt zënter dem Joer 582 gefeiert. Mariä Himmelfaart ass am 6. Joerhonnert als Fest vun der Entschlofe vu Maria (Dormitio, lat.: Entschlofen) respektiv dem Doud vu Maria gefeiert ginn. Enn 6. Joerhonnert huet den ostréimesche Keeser Mauritius d'Fest vum 18. Januar op de 15. August verluecht. Vum 7. bis zum 16. Joerhonnert ass um Fest vun der Assumptio Mariae de Poopst, begleet vum Senat an dem Vollek, an enger feierlecher Pressessioun vun der Kierch San Giovanni in Laterano bis an d'Kierch Santa Maria Maggiore gaangen. Heibäi ass eng Litanei zu Éiere vun der Muttergottes gebiet ginn.

A Frankräich erënnert déi feierlech Pressessioun vun der Assomption de la Bienheureuse Vierge Marie un d'Wei aus dem Joer 1638 vum Kinnek Louis XIII., senger Famill a sengem Kinnekräich un d'Muttergottes.

Nodeems Maria 1678 zur Schutzpatréinesch vum Lëtzebuerger Land erwielt ginn ass, gouf d'Kraiderseenung mat der Muttergottesprëssesioun verbonnen. Haut gëtt déi traditionell Kraiderseenung awer nëmmen nach a wéinegen Deeler vu Lëtzebuerg duerchgefouert.

Am Joer 1950 gëtt déi läiflech Opnam vu Maria an den Himmel duerch d'Verkënnegung vum Poopst Pius XII. zum Dogma[1].

D'Constitutioun erkläert d'Dogma esou:

"Mir verkënnegen, erklären an definéieren et als ee vu Gott geoffenbaarte Glawenssaz, datt d'sënnefräi Gottesmamm, déi ëmmer reng Jongfra Maria, no der Vollendung vun hirem ierdesche Liewe mat Läif a Séil an déi himmlesch Herrlechkeet opgeholl gouf."

Liturgie

änneren

Mam Fest vu Mariä Himmelfaart fänken an der kathoulescher Kierch déi sougenannt Fraendrësseger un. Dat sinn 30 Deeg, also vum 15. August bis den 8. September, d'Fest vun der Gebuert vu Maria, wou d'Maria besonnesch geéiert gëtt. Wärend dëser Zäit ginn de Planzen, déi an dësem Zäitraum bléien, besonnesch Heelkräften zougesprach.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Léiffrawëschdag – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Text vun der Constitutioun Munificentissimus Deus, an där d'Dogma verkënnegt gouf