Marcel Welter

lëtzebuergesche Foussballspiller, -trainer an Olympionik

De Marcel Welter, gebuer de 7. Januar 1924 zu Péiteng a gestuerwen de 25. Juli 2009 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergesche Foussballspiller, Foussballtrainer an Olympionik.[2]

Marcel Welter
Gebuer 7. Januar 1924
Péiteng
Gestuerwen 25. Juli 2009
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller, Foussballtrainer

Hien huet fir den CS Péiteng a fir d'Spora gespillt.

Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1952 zu Helsinki vertrueden.[3]

Tëscht dem 15. August 1950 am 29. Juni 1952 huet hie véiermol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[4]

Vun 1971 bis 1972 huet hien d'Aris Bouneweg trainéiert, mat där e Lëtzebuerger Meeschter ginn ass. Hie war vun 1974 bis 1980 a vun 1982 bis 1984 Trainer vun de Young Boys vun Dikrech.[5]

Auszeechnungen änneren

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Lëtzebuerger Olympia Lexikon - Henri Bressler - Pierre Gricius - Georges Klepper - Editions:Schortgen ISBN 978-2-87593-197-7 S. 126
  2. De Marcel Welter op der Lëscht vun der Lëtzebuerger Foussballnationequiope op der Olympiad 1952 op der Websäit vun der FIFA
  3. De Marcel Welter op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'
  4. Lëscht vun de Lännermatcher vum Marcel Welter op der Websäit vun European Football
  5. Archive copy Archivéiert op 2014-01-27. Gekuckt de(n) 2013-08-21.
  6. 30-06-2008:Promotion dans les ordres nationaux »: Les anciens « Olympiens » luxembourgeois à l'honneur