Manuel Valls

franséische Politiker

De Manuel Valls, gebuer den 13. August 1962 zu Barcelona, ass e franséische Politiker. Hien ass Member vum Parti socialiste (PS) a war vum 31. Mäerz 2014 bis de 6. Dezember 2016 Premierminister vun der Franséischer Republik.

Manuel Valls
Gebuertsnumm Manuel Carlos Valls Galfetti
Gebuer 13. August 1962
Nationalitéit Spuenien, Frankräich
Educatioun Universitéit Panthéon-Sorbonne
Aktivitéit Politiker
Partei Parti socialiste
Famill
Bestuet mat Anne Gravoin

Liewen änneren

De Manuel Valls ass de Jong vun engem katalounesche Moler an enger Schwäizer Schauspillerin aus dem Tessin. Hien huet op der Sorbonne Geschicht studéiert. 1982 krut en déi franséisch Nationalitéit. Hien ass an engem 2. Bestietnes mat der Violonistin Anne Gravoin bestuet.

Politik änneren

Aus Bewonnerung fir de Michel Rocard ass de Valls mat 17 Joer Member vum Parti socialiste ginn. Vun 2001 bis 2012 war er Buergermeeschter vun Évry (an der Banlieue vu Paräis) a vun 2002 bis 2012 Deputéierte vum Departement Essonne an der Assemblée nationale. Hie war eng Zäit laang Conseiller vum Lionel Jospin. Wéi de François Hollande d'Presidentewale gewonnen hat, ass de Valls de 16. Mee 2012 Inneminister ginn. Nom Récktrëtt vum Premier Jean-Marc Ayrault, den 31. Mäerz 2014, huet den Hollande de Valls zu deem sengen Nofollger an der Funktioun vum Premierminister ernannt.

De 26. August 2014 huet hie seng Regierungsequipe missen ëmänneren, nodeems e puer Ministeren zeréckgetruede waren. Niklosdag 2016 ass hie selwer zeréckgetrueden, fir Kandidat fir d'Presidentschaftswalen 2017 kënnen ze ginn.

Wierker änneren

  • La Laïcité en face, entretiens avec Virginie Malabard, éditions Desclée de Brouwer, 2005, ISBN 978-2220056456
  • Les Habits neufs de la gauche, éditions Robert Laffont, 2006
  • Pour en finir avec le vieux socialisme … et être enfin de gauche, entretien avec Claude Askolovitch, Robert Laffont, 2008
  • Pouvoir, éditions Stock, 2010
  • Sécurité: la gauche peut tout changer, éditions du Moment, April 2011, ISBN 978-2354171186
  • L'énergie du changement – Abécédaire optimiste, éditions Eyrolles, 2011.
  • La Laïcité en France, éditions Desclée De Brouwer, 2013.

Um Spaweck änneren

Commons: Manuel Valls – Biller, Videoen oder Audiodateien