MTV Video Music Awards
Musekauszeechnung
D'MTV Video Music Awards, dacks als VMAs gekierzt, sinn eng Museksauszeechnung, mat där den Televisiounssender MTV de beschte Museksvideo an déi bescht Kënschtler vum Joer éiert.
D'VMAs gëtt et zënter 1984. All Joer am August oder September gëtt eng Präiszeremonie an den USA organiséiert.
D'Präisstatu stellt en Astronaut um Mound duer a gëtt "moonman" oder "moon person" genannt.[1][2]
Zënter 2006 ginn d'Gewënner an alle Kategorie vum Public iwwer dem MTV seng Websäit bestëmmt. Do virdru gouf dat vun enger Jury gemaach.
Fir den europäesche Kontinent gëtt et donieft d'MTV Europe Music Awards.
Gewënner an der Kategorie "Video vum Joer"
änneren- 1984: You Might Think vun The Cars
- 1985: The Boys of Summer vum Don Henley
- 1986: Money for Nothing vun Dire Straits
- 1987: Sledgehammer vum Peter Gabriel
- 1988: Need You Tonight / Mediate vun INXS
- 1989: This Note's for You vum Neil Young
- 1990: Nothing Compares 2 U vum Sinéad O'Connor
- 1991: Losing My Religion vun R.E.M.
- 1992: Right Now vu Van Halen
- 1993: Jeremy vu Pearl Jam
- 1994: Cryin' vun Aerosmith
- 1995: Waterfalls vun TLC
- 1996: Tonight, Tonight vun The Smashing Pumpkins
- 1997: Virtual Insanity vun Jamiroquai
- 1998: Ray of Light vum Madonna
- 1999: Doo Wop (That Thing) vum Lauryn Hill
- 2000: The Real Slim Shady vum Eminem
- 2001: Lady Marmalade vum Christina Aguilera, Lil' Kim, Mýa a P!nk featuring Missy Elliott
- 2002: Without Me vum Eminem
- 2003: Work It vum Missy Elliott
- 2004: Hey Ya! vun OutKast
- 2005: Boulevard of Broken Dreams vu Green Day
- 2006: I Write Sins Not Tragedies vu Panic! At The Disco
- 2007: Umbrella vum Rihanna featuring Jay-Z
- 2008: Piece of Me vum Britney Spears
- 2009: Single Ladies (Put a Ring on It) vum Beyoncé
- 2010: Bad Romance vum Lady Gaga
- 2011: Firework vum Katy Perry
- 2012: We Found Love vum Rihanna featuring Calvin Harris
- 2013: Mirrors vum Justin Timberlake
- 2014: Wrecking Ball vum Miley Cyrus
- 2015: Bad Blood vum Taylor Swift featuring Kendrick Lamar
- 2016: Formation vum Beyoncé
- 2017: Humble vum Kendrick Lamar
- 2018: Havana vum Camila Cabello featuring Young Thug
- 2019: You Need to Calm Down vum Taylor Swift
- 2020: Blinding Lights vum The Weeknd
- 2021: Montero (Call Me by Your Name) vum Lil Nas X
Linken
änneren- www.mtv.com/vma (offiziell Säit)
Commons: MTV Video Music Awards – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ latimes.com: Goodbye, MTV Moonman trophy. Hello, 'Moon Person' (31. Juli 2017)
- ↑ rollingstone.com: MTV Reveals New Moon Person Statue to Mark 40th Anniversary (1. August 2021)