Māšā'allāh Ibn-Aṯarī
De Māšā'allāh Ibn-Aṯarī, gebuer virun 762, a gestuerwen ëm 815, war e jiddeschen Astronom an Astrolog.
Māšā'allāh Ibn-Aṯarī | |
---|---|
Gebuer | 740 |
Gestuerwen |
815 jul. Bagdad |
Aktivitéit | Astrolog, Astronom, Mathematiker |
Liewen a Wierken
ännerenDe Māšā'allāh (de jiddeschen Numm war Manasse) huet am Räich vun den Abbasiden an der Stad Basra am haitegen Irak gelieft a geschafft.
Seng genee Liewensdate sinn net bekannt. Hien hat bei den astrologeschen Ënnersich iwwer de Grënnungsdatum vun der neier Räichshaaptstad Bagdad den 30. Juli 762 matgeschafft.[1] Horoskoper a senge Wierker datéieren tëscht 762 an 809. Zurzäit vum Al-Maʾmūn, deen 813 Kalif gouf, soll hien nom Ibn an-Nadīm nach gelieft hunn. Et gëtt ugeholl, datt en am Joer 815 gestuerwen ass.
A sengen astrologesche Wierker hat hien och Konzepter vu griichescher Astrologie, Astronomie a Philosophie opgeholl, wéi och sassanidesch an indesch astrologesch Quelle beaarbecht. Seng Wierker goufen am islamesche Raum als autoritativ ugesinn a goufen och op Latäin iwwersat.
De Moundkrater Messala ass no him genannt.
Wierker
ännerenEng Lëscht mat arabeschen Titele vu senge Wierker.[2] Follgend Titele gi genannt:
- Kitā al-mawālid al-kabir („Grousst Buch vun den Nativitéite“)
- Fi al-qirānāt wa ’l-adyān wa ’l-milal („Iwwer Konjunktiounen, Natiounen a Reliounen“)
- Kitāb matrah al-shu’ā’ („Buch iwwer d'Projektioun vu Stralen“)
- Kitāb al-ma’ānī („Buch vun den Definitiounen“)
- Kitāb sana‘at al-asturlāb wa ’l-‘amal bihā (Buch iwwer Konstruktioun a Gebrauch vum Astrolabium)
- Kitāb dhāt al-halaq („Buch iwwer d'Armillarsphär“)
- Kitā al-amtār wa ’l-riyāh („Buch iwwer Reen a Wand“)
- Kitaāb alsahmayn („Buch iwwer zwéi Schicksale“)
- Kitāb al-ma’rūf bi’ wa’ l-’shrīn („Buch bekannt als d'27“)
- Kitāb al-̣hurūf („Iwwer Buschtawen“)
- Kitāb al-suḷtān („Iwwer Regierung“)
- Kitāb al-safar („Iwwer Reesen“)
- Kitāb al-as'ār („Iwwer Präisser“)
- Kitāb al-mawālid („Iwwer Nativitéiten“)
- Kitāb tạhwīl sinī al-mawālīd („Iwwer d'Joresleef vun den Nativitéiten“)
- Kitāb al-duwal wa ’l-milal („Iwwer Dynastie a Religioune“)
- Kitaāb al-̣hukm ‘alā ’l-ijtimā’āt wa ’l-istiqbālāt („Iwwer Bewäertunge entspriechend vu Konjunktioune an Oppositioune [der Sonn an dem Mound]“)
- Al-Kitāb al-murdī („Dat erfreelecht Buch“)
- Kitāb al-şuwar wa ’l-̣hukm ’alāyhā („Iwwer Konstellatioune an hir Bewäertunge“)
Iwwersetzungen
änneren- De revolutionibus annorum mundi (Iwwersetzung vun engem verluerenem Wierk[3])
- Epistola de rebus eclipsium oder De ratione circuli et stellarum (Iwwersetzung vum Johannes Hispalensis[3]; hebräesch Iwwersetzung vum Abraham ibn Esra vun 1148[4]
- Super significationibus planetarum in nativitate (Übersetzung von Johannes Hispalensis[5])
- De septem planetis
- De receptione (Übersetzung von Johannes Hispalensis[3])
- De scientia motus orbis oder De elementis et orbibus coelestibus (Übersetzung von Gerhard von Cremona[6])
- De electionibus (zweifelhafte Zuschreibung)
Déi follgend Iwwersetzunge gi warscheinlech op Deeler vum Kitāb al-ma’rūf bi’ wa’ l-’shrīn („Buch bekannt als d'27“) zeréck:
- De cogitationibus oder De interrogationibus
- De occultis
- Liber iudiciorum
- De interpretationibus
Editiounen
ännerenLiteratur
änneren- David Pingree: Māshā’ Allāh. In: Complete Dictionary of Scientific Biography. Bd. 9. Charles Scribner's Sons, Detroit 2008, S. 159-162.
- J. Samsó: Māshāʾ Allāh. In: Encyclopaedia of Islam, 2. Aufl. 2012, s. v.
- F. J. Carmody: Arabic Astronomical and Astrological Sciences in Latin Translation. Berkeley-Los Angeles 1956, S. 23–38.
- Lynn Thorndike: The Latin Translations of Astrological Works by Messahala. In: Osiris, 12 (1956), S. 49–72.
Referenzen
änneren- ↑ Journal of Near Eastern Studies, Bd. 29 (1970), S. 104
- ↑ G. Flügel, ed. Leipzig 1871, S. 273–274
- ↑ 3,0 3,1 3,2 Gedruckt von Bonetus Locatellus, Venedig 1493, 1519 und I. Heller, Nürnberg 1549
- ↑ Englische Übersetzung von B. Goldstein: The Book on Eclipses of Masha’allah. In: Physis 6 (1964), S. 205–213
- ↑ Druck von I. Heller, Nürnberg 1549
- ↑ Drucke I. Stabius, Nürnberg 1504 und I. Heller, Nürnberg 1549