Lyons Groups of Galaxies
De Lyons Groups of Galaxies (oder LGG) ass en astronomesche Katalog vun noe Galaxiëgruppen, komplett bis erof op eng visuell Hellegkeet mB0 = 14,0m a Radialvitesse vu manner wéi 5.500 km/s.
Method
ännerenBei der Opstellung vum Katalog goufen zwou ënnerschiddlech Methode fir d'Gruppenzoustellung benotzt:
Eng Filtermethod, entwéckelt vum Huchra a Geller an eng hierarchesch Method déi fir d'éischt vum R. Brent Tully benotzt gouf. De Katalog ass eng Zesummeféierung vun de Resultater vun den zwou Methoden.
Ëmfang
ännerenDen LGG faasst 485 Gruppen an 3.933 Galaxien.