Robert Gilruth

amerikanesche Raumfaartingenieur

De Robert Rowe Gilruth, gebuer den 8. Oktober 1913 zu Nashwauk am Minnesota an den USA a gestuerwen de 17. August 2000 zu Charlottesville am Virginia, war en amerikanesche Loft- a Raumfaartpionéier. Hie war tëscht 1961 an 1972 den éischten Direkter vum Johnson Space Center vun der NASA.

Robert Gilruth
De Gilruth bei der NASA (1965)
Gebuer 8. Oktober 1913
Nashwauk
Gestuerwen 17. August 2000
Charlottesville
Nationalitéit USA
Educatioun University of Minnesota
Aktivitéit Raumfaartingenieur, Ingenieur, Pilot, Astronaut
Member vun National Academy of Sciences, American Astronomical Society

No sengem Secondaire op der Duluth Central High School huet de Gilruth op der University of Minnesota Loftfaarttechnik studéiert. 1935 krut hien de Bachelor an am Joer drop de Master.

De Gilruth hat seng Carrière mat der Erfuerschung vum Iwwerschallfluch a mat der Entwécklung vu mat Rakéite gedriwwene Fliger ugefaangen. Spéider huet hien zum bemannte Weltraumprogramm gewiesselt, wou hien eng zentral Roll bei der Verwierklechung vum Mercury-, Gemini- an Apollo-Programm gespillt huet.

Vun 1937 bis 1958 huet hie fir den National Advisory Committee for Aeronautics (NACA) geschafft an uschléissend fir den Nofollger, d'US-Raumfaartagentur NASA.

Mat der Grënnung vun der NASA gouf de Gilruth Chef vun der Space Task Group, där hir Aufgab et war, e Mënsch virun der Sowjetunioun an de Weltraum ze bréngen. Wéi dee Plang net opgoung, war et de Gilruth, deen den US-President John F. Kennedy dovun iwwerzeegt huet, datt d'Vereenegt Staate méi e grousst Zil bréichten, wéi zum Beispill eng Landung um Äerdmound.

Wéi 1961 an Texas de Manned Spacecraft Center (zanter 1973 Johnson Space Center) gegrënnt gouf, huet de Gilruth hei d'Directioun iwwerholl. Déi Positioun hat hie bis 1972 an hien hat an där Funktioun d'ganz Verantwortung iwwer 25 bemannt Raumflich vu Mercury-Redstone 3 bis Apollo 15. 1971 gouf de Gilruth mat der James-Watt-Medail ausgezeechent. Zanter 1970 gëtt e Bierg an der Antarktis, de Mount Gilruth, no him genannt.

Dono war de Gilruth Beroder am NASA-Haaptquartier zu Washington, bis hien am Joer 1973 an d'Pensioun gaangen ass.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Robert Gilruth – Biller, Videoen oder Audiodateien