Luxroots

lëtzebuergesch genealogesch Datebank

Luxroots ass e lëtzebuergesche Projet, bei deem et drëm geet, den Inhalt vun den Akte vum Etat civil vu 1795 bis 1923 (Gebuerten, Hochzäiten, Stierffäll) a vun de Parregëstere vun ± 1600 bis 1800 (Kanddafen, Hochzäiten, Stierffäll) vum Groussherzogtum Lëtzebuerg an de belschen, däitschen a franséischen Nopeschgebitter systematesch a standardiséierter Form online z'erfaassen. Op d'laang Siicht sollen och d'Donnéeë vun den Territoiren, déi virun 1659 (Traité vun de Pyrenäen) zum deemolegen Herzogtum Lëtzebuerg gehéiert hunn, opgeholl ginn.[1]

Am Ufank eng privat Websäit änneren

Den Ausgankspunkt vum Projet war eng Privatinitiativ vum Georges Eicher[2], déi am Joer 2000 mat der Websäit georges-eicher.com gestart gouf.[3] Am Laf vun der Zäit hunn nach aner Leit, déi u Genealogie interesséiert waren, beim Projet matgemaach. Enn 2006 [3] gouf aus der privater Websäit vum Georges Eicher d'Websäit luxroots.com.[4] Ufanks Januar 2007 waren dank der Aarbecht vun antëschent fënnef éierenamtleche Mataarbechter, de Georges Eicher mat abegraff, ronn 35.000 Gebuertsakten erfaasst.[1]

D'Grënnung vun enger ASBL änneren

Uganks 2014 waren 705.000 Gebuerts- bzw. Dafakten, 67.000 Hochzäits- an 30.000 Stierfakte saiséiert. D'Zuel vun de Mataarbechter war op 30 geklommen an et gouf 500 Leit, déi op d'Websäit abonéiert waren.

Op Grond vun dëser Situatioun ass decidéiert ginn, eng ASBL ze grënnen, déi d'Gestioun vum Projet Luxroots an den domat liéierte Websäiten iwwerhuele kéint.[1] Dës ASBL, mam Numm: luxroots.com asbl, ass de 16. Juni 2014 vum Georges Eicher, dem Serge Eicher an dem Alphonse Wiltgen constituéiert ginn.[5] D'Charge goufen esou verdeelt: President: G. Eicher, Vizepresident: A. Wiltgen, Sekretär: S. Eicher.

Parallel dozou huet sech d'ASBL luxroots.club (luxroots.club, association de généalogie et d'histoire locale du Luxembourg, association sans but lucratif) constituéiert.[1] D'Grënnungsmembere waren de Georges Eicher, d'Paulette Grun-Besch, den Armand Serres an den Alphonse Wiltgen.[6]

Am Mäerz 2022 hat Luxroots 79 éierenamtlech Mataarbechter[7] a ronn 1.600 Abonnenten[1]. Erfaasst waren an deem Moment ronn 1.838.000 Gebuertsakten, 516.000 Stierfakten an 312.000 Hochzäitsakten.[8]

Ufanks August 2022 ass d'Websäit vu luxroots.com op luxroots.org geplënnert.[9]

Literatur änneren

  • Stauch, Sammy, 2014. Die Wurzeln der Luxemburger: Neuer Verein in der Gemeinde Hesperingen gegründet. luxroots.com ist mehr als nur Ahnenforschung und soll eine Basis für die Wissenschaft darstellen. Luxemburger Wort 2014-10-21, Nr. 245, S. 33 (mywort Zentrum M3).
  • Thibaut, Florence, 2015. Retrouver ses racines: Plus d'un million d'actes civils sur Luxroots. Paperjam 2015-09-07. PDF
  • Karier, Jeff, 2015. Die Vergangenheit lebt: Interview mit Georges Eicher von luxroots.com. Lëtzebuerger Journal 2015-10-01, S. 6.
  • Braun, Frédéric, 2017. Généalogie : des racines et des ailes. Le Quotidien 2017-09-10. PDF
  • jg, 2021. Ahnenforschung: Luxroots hilft bei der Suche nach Vorfahren. L'Essentiel 2021-01-31. PDF
  • Eicher, Georges, 2022. Luxroots.org, keeping the past alive. Luxroots.com asbl (Editeur), 60 S. PDF [Futtisse Link]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 Mail vum Georges Eicher vum 23. Februar 2022.
  2. Georges Eicher, gebuer den 23. Abrëll 1949 zu Wolz (Mémorial C, N° 2205, 20 août 2014, p. 105799).
  3. 3,0 3,1 Mail vum Georges Eicher, 19.03.2022, 18h40.
  4. Beim Stauch (2014) gëtt 2004 als Startjoer uginn.
  5. Luxroots.com asbl, Association sans but lucratif. Statuts. Mémorial C, N° 2205, 20 août 2014, p. 105799-105800.
  6. Luxroots.club, association de généalogie et d'histoire locale du Luxembourg, Association sans but lucratif. Mémorial C, N° 2227 (21 août 2014), p. 106889-106891.
  7. Eicher 2022, S. 56 a S. 58.
  8. Eicher 2022, S. 10 a S. 14.
  9. Op der Säit http://luxroots.com/ ass ze liesen: "Since beginning of August 2022, this domain is outdated and has been replaced by the new domain luxroots.org". Opgeruff den 22.11.2022.