Luxembourg Song Contest

De Luxembourg Song Contest (kuerz: LSC) ass e Gesangsconcours, deen zënter 2023 eemol d'Joer vun RTL Télé Lëtzebuerg organiséiert gëtt. D'Gewënnerlidd ass de lëtzebuergesche Bäitrag beim Eurovision Song Contest vun deem Joer.

Logo vum Luxembourg Song Contest

Geschicht

änneren

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel Eurovision Song Contest an am Artikel Lëscht vun de lëtzebuergesche Bäiträg beim Eurovision Song Contest
De Eurovision Song Contest (ESC) ass e paneuropäesche Museksconcours, deen 1956 ënner anerem vun der lëtzebuergescher Compagnie luxembourgeoise de télédiffusion (CLT) an d'Liewe geruff gouf. Tëscht 1956 an 1993 huet d'Land mat enger Ausnam am Joer 1959 un allen Editiounen deelgeholl. Mat fënnef Victoiren ass Lëtzebuerg ee vun den erfollegräichste Länner am Concours an hat tëscht 1983 an 1994 de Rekord fir déi meescht Victoire vun engem eenzele Land. Nodeems Lëtzebuerg 1993 ënner de siwe lescht placéierte Länner gelant war, huet et 1994 net méi dierfen untrieden. 1995 huet et du refuséiert, nees mat ze maachen an ass och dräi Joerzéngte laang bei där Entscheedung bliwwen.[1]

2016 an 2019 goufen an der Chamber Petitiounen agereecht, deenen hiert Zil e Lëtzebuerger Comeback beim ESC war.[2],[3] Enger belscher Zäitschrëft géigeniwwer huet de Steve Schmit, deemolegen RTL-Programmdirekter, nach 2016 erkläert, eng Participatioun wier aus finanzielle Grënn net méiglech.[4]

De 15. Dezember 2022 gouf an de Medie bericht, datt de Xavier Bettel, deemolege Premierminister a Minister fir Kommunikatioun a Medien, Gespréicher mat RTL iwwer e Lëtzebuerger Retour bei den ESC fir d'Joer 2024 opgeholl hätt an datt eng Ekipp an der lëtzebuergescher Regierung gebilt gouf, fir dee Retour ze erméiglechen.[5] Den 12. Mee 2023, virun der Finall vum Concours 2023, dem 30. Joresdag vum leschte lëtzebuergesche Bäitrag an dem 40. Joresdag vum leschter lëtzebuergescher Victoire, hunn RTL an d'European Broadcasting Union, déi den ESC organiséiert, bekannt ginn, datt Lëtzebuerg fir d'Editioun 2024 no enger Absence vun 31 Joer fir d'éischte Kéier erëm dobäi sollt sinn.[6]

Am Kader vun där Annonce hunn RTL an d'Lëtzebuerger Regierung ervirgehuewen, datt d'Lëtzebuergesch kulturell, wirtschaftlech an touristesch vun der Participatioun un esou engem Evenement kéint profitéieren.[7],[8]

Editiounen

änneren
 
D'Gewënner vum LSC 2024, Tali, bei der Prouwe fir en ESC zu Malmö.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Luxembourg Song Contest 2024.
Am Summer 2023 hat RTL en Opruff fir interesséiert Kënschtler a Songwritere lancéiert. Eng national Jury huet an de Méint duerno eng méi enk Auswiel getraff. D'Finall vun der éischter Editioun vum Luxembourg Song Contest war de 27. Januar 2024 an der Rockhal zu Esch-Uelzecht a gouf vun der Désirée Nosbusch, der Melody Funck, dem Raoul Roos an dem Loïc Juchem moderéiert. Si gouf live op RTL Télé Lëtzebuerg, op RTL Radio Lëtzebuerg an op Today Radio ausgestraalt, genee wéi och online op RTL Infos, RTL Play und der Websäit rtl.lu. D'Melissa Dalton an d'Sarah Tapp hunn d'Sendung an englescher Sprooch bei Today Radio kommentéiert, wärend de Jérôme Didelot an d'Violetta Caldarelli d'Sendung a franséischer Sprooch bei RTL Infos an RTL Play kommentéiert hunn.[9],[10]

Am Ganze stoungen aacht Kandidaten an der Finall. D'Finall war an zwou Partien opgedeelt. An der éischter Ronn goufen déi dräi bescht Bäiträg ausgewielt, déi et bis an déi zweet Ronn, déi sougenannt "Superfinall", gepackt hunn. Gewielt gouf vun aacht internationale Juryen[11] a vum internationale Public, dee seng Stëmm online op der RTL-Websäit konnt ofginn. D'Stëmme goufen no enger 50/50-Kombinatioun berechent, bei där d'Stëmme vun de Juryen an d'Stëmme vum Public dat selwecht Gewiicht haten.

An der Superfinall huet d'Lidd "Fighter" vun der Sängerin Tali gewonnen. Dat Lidd huet et am Mee 2024 och an d'Finall vum Eurovision Song Contest zu Malmö gepackt, a koum do op déi 13. vu 25 Plazen.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Luxembourg Song Contest 2025.

77 Lidder hunn et an de Casting gepackt, deen de Weekend vum 8. bis 10. November 2024 an der "RTL City" um Kierchbierg war. Dovu koumen 12 Sänger a Gruppen an déi méi enk Auswiel. Schlussendlech hunn et der siwen dovu bis an d'Finall gepackt, déi de 25. Januar 2025 an der Rockhal organiséiert gëtt. De Gewënner wäert Lëtzebuerg beim ESC 2025 zu Basel vertrieden.[12],[13]

Referenzen

änneren
  1. eurovision.tv: Countries: Luxembourg
  2. petitiounen.lu: Luxemburg 2017 : Zurück in die Eurovision Song Contest-Familie Schon haben sich die ersten Länder zum ESC 2017 angemeldet. Luxemburg darf nicht wieder fehlen. (4. Mee 2016)
  3. petitiounen.lu: Comeback vun Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest 2020 (31. Mee 2019)
  4. telepro.be: Le Luxembourg de retour à l'Eurovision ? vum Pierre Bertinchamps (24. Juni 2016)
  5. eurovoix.com: Luxembourg: RTL & Government Discussing Return to Eurovision in 2024 vum Anthony Granger (15. Dezember 2022)
  6. eurovision.tv: Luxembourg to return to the Eurovision Song Contest in 2024 (12. Mee 2023)
  7. delano.lu: Luxembourg selection for Eurovision comeback creates great expectations vum Neel Chrillesen (11. Juli 2023)
  8. rtl.lu: And the winner is: Luxembourg 12 Points vum Sandy Schmit (14. November 2023)
  9. play.rtl.lu. Luxembourg Song Contest - full show with English commentary
  10. play.rtl.lu: Luxembourg Song Contest en français
  11. Déi aacht Juryen hu follgend Länner vertrueden: Belsch, Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, Portugal, Schweden, Slowenien, Zypern.
  12. rtl.lu: Hannert de Kulisse vum Luxembourg Song Contest vum Sandy Schmit (18. November 2024)
  13. rtl.lu: Wie sinn d'Finaliste vum Luxembourg Song Contest? vum Sandy Schmit (4. Dezember 2024)