Als Konschtwuert bezeechent een e Wuert, dat net mat de natierleche Mëttelen vu Wuertopbau enger Sprooch gebilt gouf an och net aus enger anerer Sprooch geléint gouf. Neigebilte Konschtwierder daueren eng gewëssen Zäit laang als Neologismen.

Déi heefegst Bildungsmuster fir Konschtwierder sinn: Zesummenzéiung, Ofkierzung an ongewéinlech Kombinatioun vu Grapheme.

Bildungsmuster änneren

Zesummenzéiungen änneren

Beispiller:

Ofkierzungen änneren

Besonnesch déiejeeneg Ofkierzungen, déi wéi e Wuert kënnen ausgeschwat ginn, (Akronym), kann een als Konschtwierder betruechten.

Beispiller:

Ongewéinlech Graphemkombinatiounen änneren

Beispiller:

  • simsen eng Kuerzmatdeelung schécken
  • googelen bei Google no eppes sichen

Problemer bei der Ofgrenzung änneren

Et ass net einfach, Konschtwierder vun anere Wierder z'ënnerscheeden.

Bei den nofollgende Wierder

  • Airbag aus den englesche Wierder air (Loft) a bag (Sak)
  • Weblog aus den englesche Wierder web (WWW) a log (Logbuch)

handelt et sech éischter ëm Uschlëss vu Konschtwierder, déi am Englesche geformt goufen. Si sinn domat als Uleenungen unzegesinn. Dogéint däerft Handy e Konschtwuert sinn, well et keen entspriechend lexikalescht Zeechen am Englesche gëtt. Fir d'Wuert Mobbing gëtt et och keen entspriechend lexikalescht Zeechen am Engleschen, et kënnt sech awer ëm eng Uleenung aus enger skandinavescher Sprooch handelen.

Et ass och net einfach, z'entscheeden oder festzeleeën, ob et sech bei der Zesummenzéiung ëm e natierlecht Mëttel vu Wuertbildung handelt oder net, well den Terminus 'natierlech' an dësem Zesummenhank net kloer definéiert ass.

Kuckt och änneren