Luc Emering
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Luc Emering, gebuer den 13. Juli 1996[1], ass e lëtzebuergeschen Agraringenieur a Politiker (DP).
Luc Emering | |
---|---|
Gebuer | 13. Juli 1996 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun |
Lycée Michel-Rodange, Technesch Héichschoul Bingen |
Aktivitéit | Agraringenieur, Politiker |
Partei | Demokratesch Partei |
Formatioun a Karriär
ännerenNo senger Première am Lycée Michel Rodange huet de Luc Emering op der Technische Hochschule Bingen[2] säi Bachelor of Science (B. Sc.) an der Agrarwirtschaft gemaach[3].
Hie bedreift zesumme mat sengen Elteren zu Sprénkeng de Bioshaff „Dudel-Magie” deen op d'Zille vu Poulete spezialiséiert ass[4]. A senger Fräizäit restauréiert hien al Trakteren[3].
Politesch Karriär
ännerenDe Luc Emering ass zanter 2016 Member an der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren, Süden asbl an zanter 2018 Member am Nationalkommitee vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren[5]. Vun 2020 u war hien – zesumme mat der Angèle Mersch – Copresident vun där Asbl[3]. Uganks 2023 huet hien dee Posten opginn[6].
Bei de Gemengewalen 2017 gouf hien an de Gemenegrot vun der Gemeng Dippech gewielt[7] a bei deene vun 2023 huet hien et an de Schäfferot gepackt[8].
2023 huet hie fir d'Chamberwale kandidéiert a gouf fir d'DP am Bezierk Süden an d'Chamber gewielt[9].
Um Spaweck
änneren- Florian Javel, Luc Emering – der Bauer, der keine Selfies macht, wort.lu, 19.10.2023
- De Luc Emering vun der DP am Portrait. rtl.lu, 27.10.2023
Referenzen an Notten
änneren- ↑ (fr)F60 - Modification | Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren, Süden a.s.b.l.. lbr.lu (26.02.2018). Gekuckt de(n) 10.10.2023.
- ↑ (en)Luc Emering. linkedin.com/. Gekuckt de(n) 10.10.2023.
- ↑ 3,0 3,1 3,2 (lb)Virstellung vum neien LLJ-President Luc Emering. Landjugend a Jongbaueren. Gekuckt de(n) 10.10.2023.
- ↑ (de)Cédric Feyereisen, Interview / Deswegen kommt die Biolandwirtschaft in Luxemburg nur schleppend voran. www.tageblatt.lu (29.06.2023). Gekuckt de(n) 10.10.2023.
- ↑ (fr)F602 - Modification | Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l.. lbr.lu (08.05.2018). Gekuckt de(n) 10.10.2023.
- ↑ (fr)Législatives 2023: Luc Emering, le jeune agriculteur qui entre à la Chambre. L'essentiel (09.10.2023). Gekuckt de(n) 10.10.2023.
- ↑ (fr)Dippach - Suffrages. elections.public.lu. Gekuckt de(n) 10.10.2023.
- ↑ (lb)Jéngste KandidatIn: DP: Wien ass de Luc Emering?. www.eldo.lu. Gekuckt de(n) 10.10.2023.
- ↑ (fr)Résultats détaillés - Sud. elections.public.lu. Gekuckt de(n) 10.10.2023.