Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.

De Low Frequency Array (LOFAR) ass e Radiointerferometer, also eng Glidderung vu ville Radioteleskopen, deenen hir Signaler als en eenzegt Signal kombinéiert ginn. Fir mat LOFAR eng Wénkelopléisung vun enger Bousekonn a besser z'erreechen, geet eng Dimensioun iwwer d'Gréisst vun Holland net duer[1], dofir gouf beschloss, méi LOFAR-Statiounen iwwer den europäesche Kontinent ze verdeelen. D'Teleskop hat am Ament vu senger offizieller Aweiung vun der hollännescher Kinnigin Beatrix den 12. Juni 2010 europawäit ronn 10000 Eenzelantennen, bis 2014 sinn der ongeféier 1000 derbäikomm. Déi detektéierbar Frequenzberäicher ëmfaassen 10–80 MHz an 110–240 MHz, ënner Ausspuerung vum UKW-Beräich, an deem an Europa keng radioastronomesch Miessunge méiglech sinn.

Antenneprototyppen
LOFAR Statioun vum Leibniz-Institut fir Astrophysik Potsdam zu Bornim
LOFAR Héich-Band-Antenn am Thüringer Landesobservatoire

LOFAR ass e Kollektivprojet vun der hollännescher astronomescher Organisatioun ASTRON, den Universitéiten Amsterdam, Groningen, Leiden an Nimwegen souwéi enger däitscher Bedeelegung bestoend aus 12 Instituten, déi sech am German Long Wavelength Consortium (GLOW) zesummegeschloss hunn. Him gehéieren d'Leibniz-Institut fir Astrophysik Potsdam (AIP) mam OSRA, d'Max-Planck-Institut fir Radioastronomie (MPIfR) zu Bonn, d'Max-Planck-Institut fir Astrophysik (MPA) zu Garching, den Exzellenzcluster Universe München/Garching, den Thüringer Landesobservatoire zu Tautenburg, d'Jacobs-Universitéit Bremen souwéi d'Universitéiten Bielefeld, Bochum, Bonn, Hamburg, Köln a Würzburg un.[2] De Virschlag fir LOFAR koum 1997 vum George K. Miley. Zu de féierende Wëssenschaftler gehéiert och den Heino Falcke.

D'Statioune bestinn allkéiers aus 192 Eenzelantennen a stinn op verschiddene Plazen an Holland, an Däitschland, a Frankräich beim Nançay-Radioteleskop, a Groussbritannien an a Schweden. Weider Statiounen a Polen, an Irland an a Finnland si geplangt. Am Fall vum LOFAR sinn déi Eenzelantenne ganz einfach gebaut Drotpyramiden, déi mol net sou grouss wéi e Mënsch sinn – am Géigesaz zu fréieren Interferometer wéi dem Very Large Array an dem VLBI, bei deenen d'Eenzelkomponente grouss Parabolantenne sinn.

Den niddrege Präis vun den Antennen erméiglecht et, vill Antennen zur Dispositioun ze stellen. D'Sammelfläch vum komplette Netzwierk ass haut op 50 Hektar bei enger Gréisst vu méi wéi 1000 Kilometer. Déi éischt hollännesch Prototyp-Statioun war 2006 bei Exloo an der Provënz Drente am Déngscht. Zanter 2014 sinn 38 Statiounen an Holland a Betrib. De LOFAR, deen als dat gréisst Radiosteleskop vun der Welt gëllt, wäit Blécker an de Weltraum erméiglecht an Donnéeën aus der Zäit kuerz nom Urknall liwwere soll, ass am Juni 2010 ageweit ginn. Déi éischt däitsch Statioun gouf am November 2007 nieft dem 100-m-Radioteleskop Effelsberg a Betrib geholl. Fënnef weider Statiounen zu Unterweilenbach/Garching, Tautenburg (Thüringen), zu Bornim bei Potsdam, zu Jülich an zu Norderstedt bei Hamburg si bis 2014 derbäikomm. Jee eng Statioun gouf a Groussbritannien bei Chilbolton, a Frankräich um Terrain vum Nançay-Radioteleskop an a Schwede bei Onsala gebaut. Déi regulär Observatiounen hunn am Dezember 2012 ugefaangen.


Déi wëssenschaftlech Ziler vum LOFAR goufen a sechs internationale Key Science-Projeten entwéckelt, déi vun hollänneschen, däitschen a britteschen Instituter geleet ginn. Et soll no Signaler aus der Reioniséierungsepoch aus der Zäit ronn 1 Milliard Joer nom Urknall bei Frequenzen tëscht 120 an 200 MHz gesicht ginn. Kataloge vu Radioquelle bei fënnef Frequenzen sollen erstallt ginn. Weider Objete si Pulsaren a Radiosignaler vu kosmesche Stralungsdeelercher, déi an d'Äerdatmosphär andréngen. D'Max-Planck-Institut fir Radioastronomie zu Bonn féiert e „Key Science“-Projet zum Studium vu kosmesche Magnéitfelder. D'Leibniz-Institut fir Astrophysik Potsdam huet d'Leedung vum Key-Science-Projet fir d'Miessung vun der Radiostralung vun der Sonn iwwerholl.

Nieft physikaleschen Usiichten iwwer Galaxien, Quasare an der Matière aus der fréister Zäit vum Universum versprieche sech d'Bedreiwer Usiichten driwwer, wéi en zukünftegt, méi leeschtungsfäegt Internet beschafe soll sinn. Ausserdeem ass LOFAR e Virleeferteleskop vum geplangte Square Kilometre Array[3], e Radioteleskop mat engem Quadratkilometer Sammelfläch, dat vun 2017 un als weltwäit Zesummenaarbechtsprojet an Australien an a Südafrika gebaut gëtt a vun 2020 u vu ronn 70 MHz bis op d'mannst 10 GHz schaffe soll.

D'Array soll an Holland och fir aner Zwecker benotzt ginn. Zum Beispill kéinten d'Anlage mat Wandsensoren ausgebaut ginn, fir mat de gewonnenen Date ganz prezis Wandviraussoen treffen ze kënnen. Dat ass beispillsweis fir Wandparke vu Bedeitung. Weiderhi kënnen un den Antennen seismesch Sensoren ugeschloss ginn, sou datt och exakt Miessunge vu seismescher Aktivitéit méiglech sinn.

Déi éischt däitsch LOFAR-Statioun bei Bad Münstereifel – Effelsberg mat engem Duerchmiesser vu 60 Meter, mat 96 Dipol-Antennen. Am Hannergrond ass den 100-m-Radioteleskop Effelsberg ze gesinn. Béid Instrumenter gi vum Max-Planck-Institut fir Radioastronomie zu Bonn bedriwwen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: LOFAR – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. LOFAR – en neit Radioteleskop an Däitschland [1] www3.uni-bonn.de Presseaussendung 2006
  2. Long Wavelength Consortium (GLOW)[2] www.glowconsortium.de About GLOW
  3. Square Kilometre Array (SKA)