Thüringer Landesobservatoire

Den Thüringer Landesobservatoire Tautenburg ass en Observatoire am Tautenburger Wald a Thüringen.

Karl-Schwarzschild-Observatoire vum Thüringer Landesobservatoire
Alfred-Jensch-Teleskop vum Thüringer Landesobservatoire

Den Observatoire existéiert zanter 1960 als Institut vun der Däitscher der Wëssenschaftsakademie vu Berlin an der Géigend vum Duerf Tautenburg. 1992 gouf aus dem Institut den Thüringer Landesobservatoire (TLS) Karl-Schwarzschild-Observatoire, eng Ariichtung vum ëffentleche Recht vum Fräistaat Thüringen.

Dat wichtegst astronomescht Observatiounsinstrument vum Observatoire ass d'Alfred-Jensch-Teleskop, en 2-m-Spigelteleskop mat sphäreschem Haaptspigel, dat vun der Firma Carl Zeiss zu Jena gebaut gouf. Et ass dat gréisst Teleskop op däitschem Buedem. Et ka fir Astrofotografie och als Schmidt-Kamera benotzt ginn, de Bildwénkel ass dann 3,3° × 3,3°. Dobäi verklengert sech d'Apertur duerch d'Schmidt-Plack op 1,38 m; et ass dann dat gréisst Schmidt-Teleskop weltwäit. Alternativ kann et mat voller 2-m-Apertur an enger Cassegrain-Spigelzesummesetzung bedriwwe ginn, als Pressmann-Camichel-Teleskop, de Bildwénkel läit da bei 10-20 Bousekonnen.

Den Observatoire hat de 5. Abrëll 2005 en Exoplanéit entdeckt, deen ëm de Stär HD 13189 kreest. Domat huet den Observatoire international seng Bedeitung confirméiert.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren