D'Louise Michel, gebuer den 29. Mee 1830 um Schlass Vroncourt zu Vroncourt-la-Côte am Departement Haute-Marne, a gestuerwen den 9. Januar 1905 zu Marseille, war eng franséisch Schrëftstellerin, Anarchistin, Fräimaurerin mat feministeschen Iddien an eng vun den Haaptfigure vun der Commune vu Paräis.

Louise Michel
Gebuertsnumm Clémence Louise Michel
Pseudonym Enjolras, La Vierge rouge
Gebuer 29. Mee 1830
Vroncourt-la-Côte
Gestuerwen 9. Januar 1905
Marseille
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Enseignant, Dichter, Pedagog, Journalist, Politiker, Schrëftsteller
Member vun Fräimaurerei

D'Louise Michel gouf als Duechter vun der Déngschtmod Marianne Michel an dem Proprietär vum Schlass Vroncourt, dem Éienne Charles Demahis, oder vun deem sengem Jong gebuer. Si gouf vun hirem Papp sengen Eltere gezillt a krut eng liberal Erzéiung.

Scho ganz fréi huet si sech mat der Educatioun beschäftegt an huet e puer Joer enseignéiert, ier se 1856 op Paräis gaangen ass. Am Alter vu 26 Joer huet si do eng wichteg literaresch, pedagogesch a politesch Aktivitéit entwéckelt a huet sech mat verschiddene blanquistesche revolutionäre Personnagen aus dem Paräis vun den 1860er Joren ëmginn.

1871 huet si aktiv un den Evenementer vun der Paräisser Commune deelgeholl, souwuel op der Front wéi och als Ënnerstëtzung. Nodeems si sech am Mee agesat huet fir hir Mamm ze befreien, gouf si an Neikaledonien deportéiert, wou si zu enger Anarchistin gouf. Si ass 1880 a Frankräich zeréckkomm, war ganz populär an huet eng Abberzuel vun Demonstratiounen a Versammlungen zugonschte vun de Proletarier organiséiert. Si stoung weiderhin ënner der Iwwerwaachung vun der Police a gouf e puer Mol agespaart. Trotzdeem huet si hire politeschen Aktivismus a ganz Frankräich weidergefouert, bis zu hirem Doud am Alter vu 74 Joer zu Marseille, wou si un enger Longenentzündung gestuerwen ass.

D'Louise Michel bleift eng vun de féierende revolutionären an anarchistesche Figuren. Si war déi éischt, déi de schwaarzen Anarchiste-Fändel gebraucht huet an en an der anarchistescher Beweegung populär gemaach huet. Si ass och eng Virreiderin an der Fro vum Déiereschutz an huet d'Déierequälerei gehaasst.

Publikatiounen

änneren
  • Lueurs dans l’ombre. Plus d’idiots, plus de fous. L’âme intelligente. L’idée libre. L’esprit lucide de la terre à Dieu…, Paris, 1861
  • Le Livre du jour de l’an : historiettes, contes et légendes pour les enfants, Paris, 1872
  • Légendes et chansons de gestes canaques, Nouméa, 1875
  • Louise Michel devant le 6e conseil de guerre : son arrestation par elle-même, dans une lettre au citoyen Paysant, Paris, 1880
  • Le Gars Yvon, légende bretonne, Paris, 1882
  • Nadine, Drame joué aux Bouffes du Nord le 29 avril 1882
  • Louise Michel et Jean Guêtré, Les Méprisés, grand roman de mœurs parisiennes, Paris, 1882
  • Louise Michel, 2e partie, et Jean Guêtré 1re partie, La Misère, Paris, 1882
  • Ligue internationale des femmes révolutionnaires, Appel à une réunion, Paris, 1882
  • signé : Louise Maboul, Manifeste et proclamation de Louise Michel aux citoyennes de Paris, Paris, 1883
  • Louise Michel et Jean Winter, Le Bâtard impérial, Paris, 1883
  • Défense de Louise Michel, Bordeaux, 1883 (op Wikisource liesen)
  • L. Michel et A. Grippa, La Fille du peuple, Paris, 1883
  • Contes et légendes, Paris, 1884 (op Wikisource liesen)
  • Légendes et chants de gestes canaques, 1885
  • Les Microbes humains, Paris, 188671
  • Mémoires tome I, Paris, 1886 (op Wikisource liesen)
  • L’Ère nouvelle, pensée dernière, souvenirs de Calédonie (chant des captifs), Paris, 1887 (op Wikisource liesen)
  • Les Crimes de l’époque : nouvelles inédites, Paris, 1888
  • Lectures encyclopédiques par cycles attractifs, Paris, 1888
  • Le Coq rouge, Drame joué aux Batignolles le 19 mai 188870
  • Le Monde nouveau, Paris, 188871
  • Le Claque-dents, Paris, 189071
  • Prise de possession, Saint-Denis, 1890 (op Wikisource liesen)
  • À travers la vie, Poésies, Paris, 1894
  • La Commune, Histoire et souvenirs, Paris, 1898 (op Wikisource liesen)
  • Le Rêve (dans un ouvrage de Constant Martin), Paris, 1898

Éierung

änneren

Fir un de d'Louise Michel z'erënneren, huet de Stater Schäfferot den 24. Juni 2005 decidéiert, am Quartier Neiduerf / Weimeschhaff eng Strooss no hir ze nennen: d'Rue Louise Michel geet als Sakgaass vun der Rue des Carrières aus fort[1]. Och zu Béiweng an der Gemeng Réiser gëtt et eng Strooss déi no der Louise Michel genannt ass.

Um Spaweck

änneren
Commons: Louise Michel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. (fr)Archives Ville de Luxembourg. www.archives-vdl.findbuch.net. Gekuckt de(n) 11.10.2024.