D'Guyenne (fréier och Guienne) war am Mëttelalter en Herzogtum an en Deel vun der eigentlecher Aquitaine, dee vun den Englänner a Besëtz geholl gi war, (Angevinescht Räich, Eleonore vun der Aquitaine), an no hire Gebittsverloschter am Honnertjärege Krich iwwreg bliwwe war, fir schliisslech nom Enn vum Krich nëmmen nach de Bordelais an den Agenais z'ëmfaassen.

D'grondsätzlech Iwwereneestëmmung tëscht der Guyenne an der Aquitaine geet och aus dem Numm ervir: Guyenne ass eng sproochlech Ofwandlung vum réimeschen Aquitania.

Den 12. Oktober 1453 gouf d'Gebitt vu Frankräich eruewert. Et gouf als Provënz Guyenne zum Domaine royal gezielt, déi am Laf vun der Franséischer Revolutioun duerch d'Schafe vun den Departementer schliisslech opgeléist gouf. Den Territoire vun der Guyenne heescht haut nees Aquitaine.

Den Term Guyenne huet haut weeder eng sozial nach eng politesch Realitéit.

Um Spaweck

änneren