Louis-Charles-Auguste Fouquet de Belle-Isle
De Louis-Charles-Auguste Fouquet de Belle-Isle, gebuer den 22. September 1684 zu Villefranche-de-Rouergue, a gestuerwen de 26. Januar 1761 zu Versailles, war e franséische Generol a Maréchal de France.
Louis-Charles-Auguste Fouquet de Belle-Isle | |
---|---|
Gebuer |
22. September 1684 Villefranche-de-Rouergue |
Gestuerwen |
26. Januar 1761 Versailles |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Militär, Diplomat |
Member vun | Académie française |
Famill | |
Papp | Louis Fouquet |
De Grof a spéidere Marquis vu Belle-Isle war en Enkel vum Intendant Fouquet.
Hien huet fir éischt an Italie gekämpft, a krut 1705 en Dragonerregiment, mat deem e 1706 un der Schluecht vun Turin deelgeholl huet, konnt sech 1708 bei der Belagerung vu Lille auszeechnen, huet 1714 de Villars op Rastatt begleet, a krut duerno d'Gouvernement vun Huningue.
Nom Spueneschen Ierffollegkrich huet den Herzog vun Orléans hien an der Bastille aspäre gelooss, mä net fir laang, a wéi hien nees fräi koum, konnt hien d'Vertraue vum Fleury gewannen, a gouf 1731 Lieutenant-général a 1733 Gouverneur vu Metz.
Am Polneschen Ierffollegkrich huet de Belle-Isle Tréier eruewert, Philippsbourg géint den Eugène vu Savoie-Carignan verdeedegt, an huet en Deel zum Fridde vu 1735 bäigedroen.
Nodeem hie Maréchal de France gi war, war hien ee vun den Haaptgéigner vun der Pragmatescher Sanktioun (1713) an en huet sech däitlech fir e Krich géint Éisträich ausgeschwaat. Sou huet hien dann och d'Allianze mat Spuenien, Bayern, Preisen, Kurpfalz a Köln erméiglecht, an huet Stëmme gesammelt vun de Kurfürste vu Preisen a vu Sachsen (1741) fir de Kurfürst vu Bayern bei senger Wal zum däitsche Keeser z'ënnerstëtzen.
Am Éisträicheschen Ierffollegkrich war hien un der Spëtzt vun enger franséischer Arméi duerch Däitschland ënnerwee, an huet de 26. November 1741 Prag gestiermt. Am Januar 1742 war hien als Plenipotentiaire vu Frankräich zu Frankfurt dobäi, wéi de Karl Albrecht vu Bayern zum Keeser gekréint gouf.
Problemer hunn hien a Béimen zeréckgeruff. Nodeem d'Sachsen an d'Preisen nees heemgaange waren, goufen de Belle-Isle an den de Broglie vun Éisträich ugegraff, an hu schlussendlech Prag nees misse verloossen.
Fir Preisen an d'Allianz géint Éisträich ze kréien, ass hien op Berlin gereest, gouf awer 1744 zu Elbingerode mat sengem Brudder vun engem Beamte vun Hannover verhaft, an an England transportéiert. 1746 gouf hien zum Uewerbefehlshaber an der Provence ernannt, an huet den éisträichesche General Browne gezwongen, d'Belagerung vun Antibes opzehiewen. Nom Traité vun Oochen gouf de Belle-Isle Pair vu Frankräich, a krut eng Plaz an der Académie française.
Als Feind vum éisträicheschen Haus huet hie 1756 probéiert d'Allianz tëscht Éisträich a Preisen ze verhënneren, wat him awer net geloung. Zanter 1757 Krichsminister, huet hie vill Zäit investéiert fir d'Militärschoulen z'erweideren an e gerecht Befërderungssystem anzeféieren. Kuerz viru sengem Doud huet hien d'Akademie vun de Wëssenschaften zu Metz gegrënnt.
De Belle-Isle ass de 26. Januar 1761 gestuerwen.
Säi Brudder, de Louis-Charles-Armand Fouquet de Belle-Isle, bekannt als Chevalier de Belle-Isle, huet och eng militäresch an diplomatesch Karriär ageschloen. Hie ass den 19. Juli 1746 bei der Schluecht vun Assietta gestuerwen.
Virgänger Jean-Jacques Amelot de Chaillou |
Fotell 10 vun der Académie française 1749-1761 |
Nofollger Nicolas-Charles-Joseph Trublet |
Um Spaweck
ännerenCommons: Louis-Charles-Auguste Fouquet de Belle-Isle – Biller, Videoen oder Audiodateien |