Loftraumkontrollzentrum
E Loftraumkontrollzentrum (eng. Area Control Center, ACC) ass eng Fluchsécherungszentral, déi alleguer d'Fligeren am zougewisene Loftraum (eng. Area of Responsibility, AoR) guidéiert a mat alle relevanten Informatioune versuergt.
D'Aufgabe vun engem ACC gëlle bis zum FL 245 (24.500 Fouss). Wann e Loftraum iwwer FL245 iwwerwaacht gëtt, dann heescht de Loftraumkontrollzentrum Upper Area Control Center (UACC).
Aufgab
ännerenD'Fluchlootse vun engem Loftraumkontrollzentrum leeden de Fluchverkéier iwwer Uweisungen (Permissiounen), déi iwwer Spriechfunk oder direkt Dateniwwermëttlung (Data Link) un d'Piloten iwwermëttelt ginn. Fir déi visuell Duerstellung vum Loftverkéier op Ecrane ginn de Lootse Radar- resp. satellitegestützt Erfaassungssystemer zur Verfügung gestallt. Vill weider technesch Systemer, wéi zum Beispill buedem- oder bordgestützt Kollisiounswarnsystemer ënnerstëtzen d'Aarbecht.
Organisatioun
ännerenDen zougewisene Loftraum vun engem Loftraumkontrollzentrum kann e Fluchinformatiounsgebitt, nëmmen en Deel dovun, oder souguer e puer Fluchinformatiounsgebidder sinn. An all ACC gëtt et een oder méi Secteuren (Zoustännegkeetsberäicher), woubäi all Secteur e bestëmmten Deel vum AoR duerstellt a vun zwee Fluchlootsen (ee fir d'Kommunikatioun mat de Piloten an een donieft fir d'Koordinatioun mat de Nopeschsecteuren) kontrolléiert gëtt.
Lëtzebuerg
ännerenDe Loftraum iwwer Lëtzebuerg ass vertikal an zwee Fluchinformatiounsgebidder opgedeelt a gëtt vun dräi Loftraumkontrollzentralen aus iwwerwaacht. Dat sinn:
- Luxembourg Approach
- Secteur Luxembourg Approach, bis FL 145/165 (118.9)
- Brussels Area Control Centre
- Secteur Luxembourg, FL 145/165 - FL 245 (125.0)
- Maastricht Upper Area Control Centre
- Secteur Lux, FL 245 - FL 335 (133.355)
- Secteur Lux Middle, FL 335 - FL 375 (132.315)
- Secteur Lux Upper, iwwer FL 375 (133.710)[1]
Däitschland
ännerenDäitschland huet dräi Loftinformatiounsgebidder bis FL245 mat Zentralen (ACC) zu München, Bremen a Langen) a gehéiert zu zwou UIR (iwwer FL245) mat Zentralen zu Karlsruhe an zu Maastricht. Déi dräi ACC an d'UACC Karlsruhe gi vun der Deutsche Flugsicherung (DFS) bedriwwen. D'UACC Maastricht ass an der europäescher Flugchsécherungsverwaltung e besonnesche Fall a gëtt vun der europäescher Fluchsécherungsagentur Eurocontrol bedriwwen. Dëse Kontrollzentrum kontrolléiert déi iewescht Loftraim vun de Beneluxstaaten an iwwer Nordwestdäitschland.
Éisträich
ännerenÉisträich huet en ACC zu Wien, dee vun Austro Control bedriwwe gëtt.
Schwäiz
ännerenD'Schwäiz huet ee Fluchinformationsgebitt dat an zwéi Beräicher opgedeelt ass mat Zentralen zu Zürich an zu Genf, déi vu Skyguide bedriwwe ginn.
Frankräich
ännerenA Frankräich heeschen déi regional Kontrollzentren Centre en route de la navigation aérienne (CRNA), si iwwerwaachen hir respektiv FIRe bis op eng Héicht vun 19.500 Fouss. Alles wat iwwer där Héicht läit gehéiert an en enzeegt iewescht Informatiounsgebitt. (UIR)
Et gëtt där fënnef a Frankräich:
- CRNA Nord, Athis-Mons (bei Orly);
- CRNA Est, Reims ;
- CRNA Ouest, Loperhet (bei Brest) ;
- CRNA Sud-Est, Aix-en-Provence ;
- CRNA Sud-Ouest, Mérignac (beim Fluchhafe vu Bordeaux).
Si gi vun der Direction des Services de la navigation aérienne iwwerwaacht a bedriwwen.