Maastricht Upper Area Control Centre

De Maastricht Upper Area Control Centre oder Maastricht Upper Airspace Control ofgekierzt MUAC ass en internationalen Navigatiounsservice ouni Gewënnzweck dee vun EUROCONTROL am Numm vun der Belsch, Holland, Däitschland a Lëtzebuerg bedriwwe gëtt.

De MUAC iwwerwaacht den ieweschte Loftraum (iwwer 24.500 Fouss), iwwer dem Benelux an Nordwestdäitschland. De Loftraum dee vum Muac kontrolléiert gëtt ass e perfekt Beispill fir d'Vereinfachung an d'Harmonisatioun vun der Fluchsécherheet am Europäesche Loftraum. En ass en deem Sënn e Modell a Pilotprojet fir grenziwwerschreident Projeten am Sënn vun engem eenzegen europäesche Loftraum mam Resultat fir méi direkt a benotzerfrëndlech Fluchrouten zur Verfügung ze hunn, wat ënner anerem Erspuernesser fir Loftgesellschaften an doriwwer eraus manner CO2emissioune bedeit.

Am Joer gi ronn 1,6 Millioune Fluchbeweegungen am Loftraum, deen de MUAC kontrolléiert, registréiert. An de Summerspëtzenzäite kënnen dat bis zu 5.200 Flich pro Dag sinn.

Den ënneschte Loftraum sengersäits gëtt vun den nationale Kontrollorganisatiounen iwwerwaacht an zwar Belgocontrol, Luchtverkeersleiding Nederland an Deutsche Flugsicherung.

Kuckt och änneren