Lëscht vun de lëtzebuergesche Spréchwierder

Wikimedia-Lëschtenartikel

Hei ginn e puer lëtzebuergesch Spréchwierder an alphabetescher Reiefolleg opgezielt:

Index A B C D E F G H I J K L M N O P Q R S T U V W X Y Z

A änneren

  • Wien A seet, muss och B soen.
  • Wann d'Aarbecht ee räich méich, da wier den Iesel méi räich wéi de Mëller.
  • Vun der Aarbecht gëtt kee fett.
  • Dat Aalt dauert am längsten.
  • Besser e midden Aarm, wéi een eidelen Daarm.
  • Aarm sinn ass keng Schan.
  • D'Aarmut ass e Sträitmécher.
  • Hien huet mech net emol mam Aasch bekuckt (hien huet mech total ignoréiert).
  • Adam an Éiv waren déi zwéin éischt Äppeldéif.
  • Aus den Aen, aus dem Sënn.
  • Véier Ae gesi méi wéi zwee.
  • D'Aen op oder de Beidel.
  • Wat een net ännere kann, soll ee roueg erdroen.
  • Näischt gesot ass och eng Äntwert.
  • Een Af mécht der honnert.
  • Engem Af geet alles gutt.
  • Ech ginn der gläich en Akkont! (du kriss gläich Streech!).
  • Léier keen alen Af Grimasse maachen.
  • Al Eisen, ale Goss, al Fraen, ale Verdross.
  • En ale Kniecht an eng jonk Mod gëtt gär e grousse Stot.
  • Bei den Alen ass ee gutt gehalen.
  • Alles leeft, nëmmen de Fräsch deen hopst.
  • Den Alter geet vir (sot den Eilespill, dunn huet e seng Mamm d'Trap eragestouss).
  • An Amen a Jo war d'Affär gedoen (d'Affär war ganz séier gedoen).
  • Sécher wéi den Amen am Gebiet.
  • Den Apel fält net wäit vum Bam, e misst just de Bierg erofrullen.
  • Et soll ee sech ëmmer een Apel fir den Duuscht versuergen.
  • Den Appetit kënnt iwwer dem Iessen.
  • D'Ausriede si fir ze gebrauchen.

B änneren

  • Bal ass nach keng Maus an der Fal.
  • Besser den Aascht fält wéi de Bam.
  • En ale Bam verplanzt een net (en ale Mënsch soll een do liewe loossen, wou e gewinnt ass).
  • Déi dommst Baueren hunn déi déckst Gromperen (och domm Leit kënne Chance hunn).
  • Wat de Bauer net kennt, dat frësst en net.
  • E Bauer, e Béier an e Stéier, dat sinn dräi ongemälleg Déier.
  • Et ass dofir gesuergt, datt d'Beem net an den Himmel wuessen.
  • Wat een net am Kapp huet, muss een an de Been hunn.
  • Wéi e beicht, sou gëtt ee lassgesprach.
  • Wéi een an de Bësch rifft, sou schaalt et erëm.
  • Dat bescht kënnt hannenno.
  • Besser ass besser, sot d'Fra, do huet se d'Ham an der Mëllech gekacht.
  • Besser eng Kuuscht an der Täsch, wéi eng Fieder um Hutt.
  • Besser spéit eppes, wéi fréi näischt.
  • Besser spéit, wéi guer net.
  • D'Bestueden ass eng Lotterie.
  • Wéi ee säi Bett mécht, sou schléift een.
  • Et ass besser biedelen, wéi stielen.
  • Hanner dem Bierg sinn och Leit.
  • En neie Biesem kiert besser.
  • Och eng blann Sau kann eng Eechel fannen.
  • Et ass nach laang net alles Gold, wat blénkt.
  • Et heescht keng Kou Blimmchen, dees se hief eng wäiss Strimmchen.
  • Mengen a Botter schäissen ass zweeërlee.
  • Du bass net hei, fir brong ze ginn! (seet een zu engem, deen net effikass schafft).
  • Deen nervt mech, ech kéint en ongespëtzt an de Buedem schloen! (deen nervt mech, ech géif en am léifste gutt zerschloen).

C änneren

  • Grénge Chrëschtdag, wäissen Ouschterdag.
  • D'Chance geet dem Soff no.
  • Du hues méi Chance ewéi Verstand (wat der geléngt, ass méi duerch Zoufall ewéi duerch Iwwerleeën).

D änneren

  • Schéck een Dabo an de Bësch, da kriss de een Eefalt erëm.
  • Muer ass och nach een Dag.
  • Wat den Dag méi helleg, wat der Däiwel méi rosen.
  • Et gëtt näischt sou reng gestiicht, t'kënnt dach un Dagesliicht.
  • Wou Damp ass, do ass och Feier.
  • Et muss ee mat deene Meedercher danzen, déi do sinn.
  • Engem Dawen ass gutt priedegen.
  • Et muss ee sech der Decke no strecken (et muss een eens gi mat deem, wat een huet).
  • All Déierche säi Pleséierchen.
  • Dee klengen Déif hänkt een, de grousse léisst ee lafen.
  • Een Däiwel dreift deen aneren.
  • Wann der Däiwel hongereg ass, da frësst e Fléi.
  • Ee Mënsch ass deem aneren säin Däiwel.
  • Et soll een den Däiwel net un d'Wand molen.
  • Wann ee vum Däiwel schwätzt, dann ass e schonn do.
  • Dee Kärel huet der Däiwel an der Panz!  (dee Kärel ass duerchdriwwen).
  • All Dëppe fënnt säin Deckel (jiddweree fënnt iergendwann de Partner, dee bei e passt)
  • Wat ënner den Dësch fält, ass fir d'Mod.
  • Hien ass um Dill, éier der Däiwel Schong an Huesen unhuet (hien ass mueres ganz fréi aktiv).
  • Géint d'Dommheet ass kee Kraut gewuess.
  • Ëmsoss ass der Doud an dee kascht d'Liewen! (et kritt een näischt fir näischt)
  • Géint der Doud ass kee Kraut gewuess.
  • Aarm a räich, der Doud mécht alles gläich.
  • Ech hu vun der Doud an der Däiwel näischt verstanen (ech hunn absolut näischt verstanen).
  • Deem enge säin Doud, deem anere säi Brout! (wat enger Persoun schuet, notzt enger anerer).
  • Den Dreck leeft bis en zesummekënnt.
  • Wat een am Dreck méi réiert, wat et méi sténkt.
  • Wann den Dreck Mëscht gëtt, da gëtt e gär gefouert (arrogant ginn).
  • Dreck schauert de Mo! (seet een zu engem, deem eppes beim Iessen net propper genuch ass).
  • Hie steet do ewéi d'Kand beim Dreck (hie weess net, wat e soll soen oder maachen).
  • Dräimol ass gëttlech, véiermol ass spëttlech.
  • Wat ee méi drénkt, wat ee méi duuschtereg gëtt.
  • Fir d'Duechter ze kréien, muss een d'Mamm freien.

E änneren

  • Ëmgekéiert ass och gefuer.
  • Et reent ewéi mat Eemeren (geschott) (et reent ganz vill).
  • Eemol ass keemol.
  • Egal ass an déi eng Hand geschass an an déi aner geklappt.
  • Endlech ass net éiweg.
  • Alles huet en Enn, nëmmen d'Wurscht huet der zwee.
  • Et ass éischter gesot wéi gedoen (gemaach)! (dat léisst sech net einfach maachen)

F änneren

  • Vum Faaschte krepéieren d'Honn.
  • Vum Fale léieren d'Kanner goen.
  • Dat huet mäi klenge Fanger mer gesot (ech verroden net, wie mer dat gesot huet).
  • D'Fauscht an der Täsch maachen.
  • Et passt wéi d'Fauscht op d'A.
  • Wie mat Feier ëmgeet, verbrennt sech.
  • Wou Feier ass, do ass och Damp.
  • Wou et dämpt, do ass Feier.
  • Et muss een e klenge Fësch an d'Waasser werfen, fir een décken ze fänken.
  • Elo kréien déi kleng Fësch och Waasser (elo kommen déi onwichteg Persounen och zum Zoch).
  • Et ass nach kee Fëscher mat dräi Häre begruewe ginn.
  • D'Fëscher an d'Jeeër schwätzen eng Sprooch.
  • D'Fëscher an d'Jeeër si Plättelefeeër.
  • Un de Fiederen erkennt een d'Vullen.
  • Hal direkt op, soss flaamt et! (hal direkt op, soss ginn ech rosen!).
  • Et ass méi liicht e Sak Fléi ze hidde wéi e verléift Framënsch.
  • Flott gelieft a séileg gestuerwen, dat ass dem Däiwel d'Rechnung verduerwen.
  • Eng uerg Fra ass een Zonk ëm d'Haus.
  • Wie seng Fra gär huet, léisst se doheem.
  • Wou d'Fra d'Box unhuet, wéckelt de Mann d'Kanner.
  • Wien Ongléck huet mat de Fraen a Gléck mat de Päerd, gëtt e räiche Mann.
  • E Fraleitshoer zitt méi wéi e Klackeseel.
  • Fréi opstoe mécht den Dag laang.
  • Dee vill freet gëtt vill gewuer.
  • Friet dech emol (un de Kapp)! (bass du geckeg?).
  • All Fro ass eng Äntwert wäert.
  • Mat Froe vermécht een näischt.
  • E laange Fuedem, eng faul Néiesch.
  • Hien huet e Fuerz am Kapp (hien ass arrogant).
  • E schlechte Fuuss deen nëmmen ee Lach huet.
  • De Fuuss verléiert de Pelz, awer d'Naupen ni.

G änneren

  • Hie gaapst ewéi e Klouschteriesel! (hie mécht de Mond ganz grouss op, wann e gaapst).
  • No dräi Deeg gëtt de Gaascht deene meeschte Leit zur Laascht.
  • Déi ongeluede Gäscht setzt ee virun d'Dier.
  • Engem geschenkte Gaul kuckt een net an d'Maul.
  • Laang gebuergt ass net geschenkt.
  • Jiddwer Geck gefält seng Kap.
  • Ee Geck mécht der honnert.
  • Ee Geck ka méi Froe stelle wéi honnert Weiser beäntwere kënnen.
  • Aus Geck gëtt dacks Eescht.
  • En huet sech drugehalen ewéi de Geck un de Bengel (en huet sech ganz vill drugehalen)
  • D'Kanner an d'Gecke soen d'Wourecht.
  • Mat Force räisst een och eng Geess hannen erëm.
  • Geet et da mam Geescht! (bass du da geckeg!).
  • Deem enge gefält d'Mamm, deem aneren d'Duechter.
  • Mat gaangen, mat gefaangen, mat gehaangen.
  • Dee vill huet ass vill gehäit, deen näischt huet nach méi.
  • Deemno Geld, deemno Wuer.
  • D'Geld regéiert d'Welt.
  • D'Geld gëtt een ewech, an den Eefalt behält een.
  • A Geldsaachen héiert d'Gemittlechkeet op.
  • D'Geleeënheet mécht den Déif.
  • Gemälleg kënnt een och virun.
  • Maach gemälleg, mir sinn net am Hee! (maach lues, et gëtt kee Grond, fir sech ze tommelen!).
  • Geplot ass och gelieft.
  • D'Gerechtegkeet huet eng Nues aus Wues.
  • Besser schlecht geridde wéi houfreg gaangen.
  • Et kënnt alles op d'Geschéck un.
  • D'Geschier weist d'Aarbecht.
  • Hien huet e Gesiicht ewéi e Paangech! (hien huet e grousst, ronnt Gesiicht).
  • Et ass éischter gesot wéi gedoen.
  • Dee gesond ass, soll net kloen.
  • Zwee gesi méi wéi een.
  • E gutt Gewëssen ass dat bescht (Kapp–)Këssen, an ee schlechte Verhalt och.
  • Hien ass kee Giedlechen (hien ass kee gudde Mënsch).
  • Ginn an erëm geholl ass gestuel.
  • Et muss ee sech net ginn, soulaang nach Kniddelen am Dëppe sinn.
  • De gudde Glaw mécht séileg (an de Speck mécht fett).
  • Dat ass de Glanz! (dat ass genial!).
  • D'Gléck geet dem Soff no (Leit, déi voll sinn, hunn dacks Gléck).
  • Et ass net alles Gold wat blénkt an net alles Dreck wat sténkt.
  • Et kann een net alles op d'Goldwo leeën.
  • Hien héiert d'Gras wuessen an d'Fléi néitsen (him entgeet näischt).
  • Hien huet sech gréng a giel geiergert (hien huet sech ganz vill geiergert).
  • D'Guttheet ass e Stéck vun der Dommheet.

H änneren

  • Wat een net hale kann, dat soll een och net verspriechen.
  • Deen näischt vu sech hält, deen ass näischt.
  • Eng Hand wäscht déi aner.
  • Zéi mer eng Händsch aus! (ech kann der näischt ginn, wat ech selwer net hunn).
  • Alles ass een Handwierk (an d'Fléifänken eng Geschwënnegkeet).
  • Vill Hänn läsche vill Bränn (awer si sinn der Däiwel am Zoppekomp). (wann een zu vill ass, kann ee villes erreechen).
  • Waarm Hänn, Léift ouni Enn.
  • Kal Hänn, waarmt Häerz.
  • Ech hu just zwou Hänn! (ech kann net alles gläichzäiteg maachen!).
  • Déi kleng Spëtzbouwen hänkt een, déi grouss léisst ee lafen.
  • Hätten an Haten, dat waren zwou aarmer Staten (Stied).
  • Zwee haarder Steng muele seele reng.
  • Keen Haus ouni Maus.
  • D'Haus verléiert näischt! (wat een am Haus vertässelt huet, fënnt een enges Daags erëm).
  • Eng fläisseg Hausfra ass déi bescht Spuerbéchs.
  • Här ass Här a Max ass Max.
  • Den Här priedegt nëmmen eemol.
  • Wéi den Här sou d'Geschär.
  • Et ka keen zwee Häre gläichzäiteg déngen.
  • Déi déck Häre bäisse sech net.
  • Kënns de net haut, da kënns de muer.
  • Héieresoen ass hallef gelunn.
  • Eiser Herrgott huet allerhand Kaschtgänger, awer keng déi näischt iessen.
  • Et soll een eisem Herrgott net an d'Handwierk fuschen.
  • Den Hieler ass sou gutt wéi de Stieler.
  • Wat een net hiewe kann, dat soll ee leie loossen.
  • Späert är Pëllen an, ech loosse meng Hinnercher lafen.
  • Déi Fra huet Hoer op der Zong (dat ass eng béis Fra).
  • Et muss een dat Bescht hoffen, dat Schlecht kënnt vum selwen.
  • Hoffnung léisst liewen.
  • Wann den Hond net geschass hätt, dann hätt en den Hues kritt (En hätt en nawell kritt wann e kee Gras gerappt hätt fir den Hënneschten ofzebotzen).
  • Wie frech ass ewéi en Hond, dee lieft ewéi en Här (déi frech Leit kréien ëmmer alles, wat se wëllen).
  • Dee mat Hënn schlofe geet, steet mat Fléi op.
  • Et gëtt méi Kette wéi rosen Hënn.
  • Hënn déi billen, bäissen net.
  • Wien net um Hënner rutscht, deem bliedert en net.
  • Den Honger dreift de Wollef aus dem Bësch.
  • Honger ass dee beschte Kach (schmaacht et net, et ësst een et dach).
  • Engem Hongregen ass gutt kachen.
  • Bal, ass nach keen Hues an der Fal.
  • Deen zwee Huesen zugläich noleeft, dee kritt keen.
  • Deen et laang huet léisst et laang hänken.
  • Deen näischt huet kann näischt verléieren.
  • Wat ee méi huet, wat ee méi wëll hunn.
  • Wie vill huet, brauch méi.
  • E gudden Hunn gëtt net fett.
  • Dee wëllt Hunneg lecken, däerf d'Beien net fäerten.
  • Besser den Hutt wéi de Kapp verluer.
  • Beim Huwwele fale Spéin.

I änneren

  • Wann et dem Iesel ze wuel ass, da geet en op d'Äis danzen.
  • E gudden Iesel stéisst sech nëmmen eemol.
  • Als Iesel gebuer, als Iesel gestuerwen.
  • Wien den Iesel spillt muss d'Säck droen.
  • Du kanns den Iesel bei d'Waasser féieren awer saufe muss e selwer.
  • Iessen an Drénken hält Läif a Séil zesummen.
  • Wéi am Iessen, sou an der Aarbecht.
  • Et geet näischt iwwer eng gutt Ausried.

J änneren

  • Bass du jaus? (bass du geckeg?).
  • Hie läit nach am Jelli (Hie läit nach am Bett, well e gëschter ze vill gedronk huet).
  • De Verstand kënnt mat de Joren (awer och déi gro Hoer).
  • Et soll een net jäize bis ee geschloen ass.
  • Jiddwerengem säint, dann huet der Däiwel näischt.

K änneren

 
  • Vill Käch verdierwen de Bräi.
  • Wann d'Kallef am Pëtz läit, da kënnt den Deckel drop.
  • Aus Kanner gi Leit.
  • D'Kanner hunn d'Laachen an d'Kräischen an engem Sak.
  • Wann een de Kanner dee klenge Fanger gëtt, da wëlle si d'ganz Hand.
  • Kleng Kanner, klengt Leed, grouss Kanner, grousst Leed.
  • Wéi een d'Kanner winnt, esou huet een se (et spiert ee selwer d'Konsequenze vun der Erzéiung, déi ee senge Kanner gëtt).
  • Eng Kannerhand ass séier gefëllt.
  • Déi Dommheet ass op seng Kap gaangen (fir déi Dommheet huet hie misse geruedstoen).
  • Wat een net am Kapp huet, huet een an de Been.
  • Et kann een net all Kapp ënner een Hutt bréngen.
  • Wat näischt kascht, ass och näischt (gutt Saache kaschte vill Suen).
  • Ech kafen dach keng Kaz am Sak! (ech loosse mech op näischt an, éier ech et iwwerpréift hunn).
  • D'Kaze loossen d'mausen net.
  • Wann d'Kaze fort sinn, da sinn d'Mais Meeschter.
  • Kraache Kare fueren am längsten.
  • Déi Keelt geet engem duerch Muerch a Schank (déi Keelt spiert een um ganze Kierper).
  • Et ass net alles riicht wat bei de Keeser geet. Ext:, well seng Fra war kromm.
  • Ech ginn, wuer de Keeser (Kinnek) zu Fouss geet (ech ginn op d'Toilette).
  • Déi schwaarz Kéi ginn och wäiss Mëllech.
  • Hien hat gëschter Owend de Kenki gediebelt (hien hat gëschter Owend ze vill Alkohol gedronk).
  • Kënnt Zäit, kënnt Rot.
  • Et gëtt méi Ketten ewéi rosen Honn! (et ass derfir gesuergt, datt d'Reegelen agehale ginn).
  • Maach, datt d'Kierch am Duerf bleift.
  • Jiddweree soll viru senger Dier kieren.
  • Nei Kierchen an nei Wiertshaiser sti seelen eidel.
  • Et ass net all Dag Kiermes.
  • Wien op d'Kiermes geet, deem seng Plaz vergeet! (wie vu senger Plaz opsteet, muss dermat rechnen, datt en anere sech drop setzt).
  • Wann een net un d'Kiischte kënnt, seet ee se wiere sauer.
  • Da gëtt ee gewuer, wat d'Pond Kiischte kaschten.
  • Deen nëmmen eng Klack héiert, héiert nëmmen ee Schall.
  • Et muss een déi zwou Klacken héieren! (et muss een déi zwou Meenunge betruechten).
  • Wien héich klëmmt, fält déif erof.
  • Deen huet nach Klibbersuen an der Täsch.
  • Mat Knëppele fänkt ee keng Vullen.
  • Hien huet e Knuet an der Leitung (hie versteet net direkt, wat gemengt ass).
  • Komm eran, da kucks de eraus.
  • Dat do ass grad de Kotteng! (dat do ass grad dat Richtegt!)
  • Et gëtt ee sou al wéi eng Kou, et léiert een nach ëmmer dozou.
  • Sou al gëtt keng Kou.
  • Et heescht keng Kou Blimmchen, dees se hief eng wäiss Strimmchen.
  • Wann der Däiwel d'Kou huet, da kann en d'Kallef och huelen.
  • Deen huet vun der rosener Kou gefriess (deen ass granzeg).
  • Dat geet op keng Kouhaut! (dat ass onverschimmt!)
  • Kräisch net, éier s de geschloe bass! (reeg dech net op iwwer eppes, wat nach net geschitt ass!)
  • Hie séngt, et ass, fir Kréienaen an d'Oueren ze kréien (hie séngt ganz falsch)
  • Dee sech an de Krësch leet, gëtt vun de Schwäi gefriess.
  • De Krou geet sou laang zum Buer bis e brécht.
  • Deen an der Kutsch wëll fueren däerf d'Geld net spueren.

L änneren

  • Et huet een sou vill vum Laachen, wéi vum Kräischen.
  • Wie fir d'lescht laacht, laacht am beschten.
  • Wat laang dauert, gëtt gutt.
  • Wien et laang huet, léisst et laang hänken! (wie vill Suen huet, weist et).
  • Dat do ass mir esou laang ewéi breet! (dat do ass mir komplett egal).
  • Lee dech era wéi s de bass, mäi Läpp ass och zerrass.
  • De Läpp ass méi no wéi d'Hiem.
  • Ech hunn einfach kee Leeër fonnt (ech hunn einfach keng gutt Positioun fonnt fir ze schlofen).
  • De Papp an de Jong sinn iwwer ee Leescht gezu ginn (de Papp an de Jong hunn déi selwecht Eegenschaften).
  • Iessen an drénken hält Leif a Séil zesummen (iessen an drénken hält Kierper a Geescht gesond).
  • Wat een ewech léint, dat huet een net méi.
  • Maach wéi d'Leit, da geet et der wéi de Leit.
  • Iessen an Drénken hält Leif a Séil zesummen.
  • Et muss een d'Leit huele wéi se sinn.
  • D'Gecke sinn och Leit, just keng wéi déi aner.
  • Et muss een net alles gleewen, wat d'Leit soen.
  • Léiwer gro, wéi net méi do.
  • De Leschten ass de Beschten.
  • Aus aner Leit's Lieder ass gutt Rimme schneiden.
  • Wien net liesen a schreiwe kann, ass nëmmen en hallwe Mann.
  • Hien hëlt et vun de Liewegen! (hie léisst sech seng Wuer / Aarbecht deier bezuelen).
  • Hien huet e Liewen ewéi en Hond ouni Fléi (hien huet keng Suergen am Liewen).
  • Et muss ee liewen, a liewe loossen.
  • Et kann een net vun der Loft eleng liewen.
  • Et lieft een nëmmen eemol.
  • Et lieft een net vun der Aarbecht, mä vum Profit.
  • Et gëtt och gedréckte Ligen.
  • E jonke Ligener, en alen Déif.
  • D'Lompe fänken un ze sténken (d'Affär gëtt brenzeleg).
  • Wéi op der Long, sou op der Zong; oder: vun der Long op d'Zong (riichteraus soen, wat een denkt).
  • Jiddweree lueft seng Kanner, wéi de Bauer seng Ranner.
  • Lues am Iessen, lues an der Aarbecht.

M änneren

  • Maach wat s de kanns.
  • Wann d'Mais sat sinn, ass d'Miel batter. (seet een, wann ee glott gëtt, well ee sat ass).
  • Et soll een d'Mais net bei de Speck spären (et soll ee keen a Versuchung féieren).
  • Wéi d'Mamm, sou d'Duechter.
  • E Mann, e Wuert.
  • Wou kee Mann ass, ass kee Rot, wou keng Fra ass, ass kee Stot.
  • Hien ass voll ewéi de Männchen am Liicht! (hien huet ze vill Alkohol gedronk).
  • Matten, Mais a Muede kënnen nëmme schueden.
  • Dee gär ee Maufel hëlt, muss och de Mond opdinn.
  • Wien näischt mécht, deen näischt brécht.
  • Et mécht ee wéi ee kann, an net wéi ee wëllt.
  • Besser eng Méck am Dëppen, wéi glat näischt.
  • Et fänkt ee méi Mécke mat Hunneg, wéi mat Esseg.
  • Dat schéinst Meedche kann net méi ginn, wéi et huet.
  • Dat Meedchen huet der un all Fanger zéng! (dat Meedchen huet vill Freieren).
  • Et muss ee mat deene Meedercher danzen, déi een huet.
  • Eng gutt Meenung an e gudde Glaw maache séileg.
  • Eng gutt Meenung ass vill wäert.
  • Et ass nach kee Meeschter vum Himmel gefall.
  • Wat ee méi huet, wat ee méi wëll hunn.
  • Wat méi, wat léiwer.
  • Een nom aneren, sot de Mëller, do huet en d'Kanner der Rei no gebeetscht.
  • Een dee mengt, dee weess näischt.
  • Iren ass mënschlech.
  • Op senger Mëscht ass den Hunn Meeschter.
  • Wat ee spuert iwwer de Mond, frësst d'Kaz oder den Hond.
  • De Mound steet am Waasser (de Mound ass duerch den Niwwel verdeckt).
  • Ze vill an net genuch, si keng Moossen.
  • Muer ass och (nach) een Dag.
  • Mueresstonn huet Gold am Monn.

N änneren

  • Et geet dach näischt iwwer en eegent Nascht.
  • De Wollef verléiert säin aalt Hoer, awer seng Naupe behält hien.
  • Et ass néierens besser, wéi doheem.
  • Den Näid frësst säin eegenen Här.
  • Géif den Näid brenne wéi Feier, da wieren d'Holz an d'Kuelen net sou deier.
  • Wien Näider huet, huet Brout, wie keen huet, leit Nout.
  • All Vulle stierwen, nëmmen d'Näidvullen net.
  • Wou näischt ass, kënnt och näischt hin.
  • Wou näischt ass, geet näischt zu Schanen.
  • Deen näischt aus sech mécht, aus deem gëtt näischt.
  • Vun näischt kënnt näischt.
  • Wien näischt mécht, deen näischt brécht.
  • Deen näischt wot, deen näischt wënnt, deen näischt sicht, deen näischt fënnt.
  • Deen net wot, deen net wënnt, deen net haspelt, deen net spënnt.
  • Nokucke kascht näischt.
  • Et hat eng gutt Nonn fir hie gebiet (hien hat Gléck am Ongléck).
  • Am Noper säi Gaart ass gutt kraude goen.
  • Gutt Nopere brauche keng Heck.
  • Et ass méi liicht fir nozekucken, wéi ze schaffen.
  • Waarm Nuechte gi gudde Wäin, awer krank Leit.
  • Hal op, an der Nues ze fëschen! (hal op, mam Fanger an der Nues ze wullen!)
  • Nuets sinn all d'Kaze gro.
  • Den Numm mécht vill zur Saach.
  • Et muss een d'Kand mam Numm nennen.
  • Null vun Null geet op.

O änneren

  • Ondank ass der Welt Loun.
  • Deen Ongléck huet, brécht de Fanger am Bräi.
  • Wie ka fir een Ongléck? D'Welt ass voll.
  • Een Ongléck kënnt seelen eleng.
  • Am Ongléck erkennt ee seng Frënn.
  • Onkraut vergeet net.
  • Dee sech iergert huet Onrecht.
  • Ze vill Recht ass Onrecht.
  • Et soll ee sech net méi oplueden, wéi een droe kann.

P änneren

  • Pak zerschléit sech, Pak verdréit sech.
  • Ouni Hee kann dat bescht Päerd net fuerzen.
  • Du bass däi Papp wéi duer gespaut (du gläichs dengem Papp ganz vill).
  • Pech am Spill, Gléck an der Léift.
  • Déi al Pëlle leeën déi déckst Eeër.
  • E wëllegt Päerd soll een net schloen.
  • Kee kann engem Plakegen an d'Täsch gräifen.
  • Wann s du miss nomaachen, wat dee kann, da miss de de Plakege weisen (du bass net amstand, him dat nozemaachen).
  • Dräimol plënneren ass sou gutt wéi eemol verbrannt.
  • Pabeier ass gedëlleg.
  • Probéieren geet iwwer studéieren.
  • Et ass kee Prophéit a sengem eegene Land (seet ee vun engem, deen am Ausland unerkannt ass, mee net a senger Heemecht).
  • D'Propretéit ass d'halleft Liewen.

Q änneren

  • Quetschen och.

R änneren

  • De Räichtum kënnt net vum Geld ausginn.
  • Nom Reen kënnt ëmmer gutt Wieder.
  • Wann et reent, da reent et riicht eran.
  • Reent et net, dann drëpst et eeben.
  • Déi bescht Réit kommen ëmmer ze spéit.
  • Déi gutt Réit an déi schlamm Geesse kommen ëmmer hannenno.
  • Et muss ee sech der Saach no riichten.
  • Bei mir läit de Rimm erof (ech hu keng Energie méi).
  • Wiem net ze roden ass, deem ass och net ze hëllefen.
  • Gudde Rot ass deier, schlechte fënnt een iwwerall.
  • D'Rou kënnt mam Alter.
  • Roum gouf net an engem Dag gebaut.

S änneren

 
  • Bekëmmert sech jiddweree senger Saach, da fält kee Schneider vum Dach.
  • All Saach huet zwou Säiten.
  • D'Haaptsaach vun der Saach ass ëmmer d'Saach.
  • Wat Saachen a kee Schaf (fir se dran ze maachen).
  • Jiddwerengem säint, dann huet der Däiwel näischt.
  • Ze vill zerräisst de Sak.
  • Et soll ee keng Kaz am Sak kafen.
  • Mäi Bop huet eng nei Salle à manger kritt (mäi Bop huet en neit Gebëss kritt).
  • An deem Beruff verdéngs de d'Salz net fir an d'Zopp (an deem Beruff verdéngs de guer net vill).
  • Déi faulste Sau huet ëmmer dee gréissten Trach.
  • An eng eidel Scheier kënnt keng Maus.
  • Op engem schéinen Teller ësst ee sech net sat.
  • Dee sech scheit, dee schued sech.
  • Wie laang schléift, schléift sech waarm; wie fréi opsteet, ësst sech aarm.
  • Et weess e wuel wéi ee schlofe geet, awer net wéi een opsteet.
  • Wann et am beschte schmaacht, da soll een ophale mat iessen.
  • Wie gutt schmiert, dee gutt fiert.
  • Wien ze vill gutt schmiert, dee bei der Däiwel fiert.
  • Un de Schnësser erkennt een d'Schwäin.
  • Ech hu Schong an Huese verluer (ech war iwwerfuerdert).
  • Schousterkanner a Schmaddspäerd mussen am dackste buerbes lafen.
  • Wat ee schreift dat bleift.
  • Deen de Schued huet, brauch fir de Spott net ze suergen.
  • Jiddweree weess am beschten, wou de Schong en dréckt.
  • D'Vollerten an d'Kanner hunn en eegene Schutzengel.
  • Hu mir zesummen d'Schwäi gehitt? (seet een zu engem, deen ze vill familiär gëtt).
  • Et soll ee schwätzen, wéi engem de Schniewel gewuess ass.
  • Deen héiert sech gär schwätzen (dee steet gär am Mëttelpunkt).
  • Géint de Stroum ass schwéier schwammen.
  • Du wäerts dach net de Schwanz bäizéien! (du wäerts dach net kleng bäiginn!).
  • Wat ze schwéier ass, dat hieft een net.
  • Net gespillt, ass sécher gewonnen.
  • Ech hunn e Verhalt ewéi eng Seibecken (ech hunn e ganz schlechte Verhalt)
  • Wie sicht, dee fënnt.
  • Déi net do sinn, ginn net gezielt.
  • Siweschléifer Mëllechzopp, steet um hallwer Mëtteg op.
  • Deen eemol alles gesot huet, huet hannenno näischt méi ze soen.
  • Mam Soen ass net gehollef.
  • D'Sonn huet nach kee Bauer vum Feld gedriwwen, awer de Reen.
  • D'Sonn schéngt fir all Mënsch.
  • An der Stad, do kascht d'Pond Botter e Frang a soss zwanzeg Su.
  • Sou ass dat an der Stad, kriss de eng Mëtsch fir fënnef Frang a bass nach net sat.
  • Aus Spaass gëtt Eescht.
  • Mat Speck fänkt ee Mais.
  • Speck a Brout schléit den Honger dout.
  • Wou gehuwwelt gëtt, fale Spéin.
  • Besser spéit, wéi glat net.
  • Deen ee reeft de Steen, deen anere geheit en.
  • Du gëss der Welt Stéiss (seet een zu engem, dee lëschteg Iddien huet)
  • D'Stierwen ass dat lescht, wat ee kann ufänken.
  • Mat Streech mécht ee säi beschte Frënd verdrësslech.
  • Et muss ee sech der Decken no strecken.
  • Wou der zwee sech streiden, huet een drëtten d'Hand am Spill.
  • Wann der Zwéi sech streiden, freet sech den Drëtten.
  • dat geet mer op d'Strëmp! (dat nervt mech!)

T änneren

  • Ech leeë mech e bëssen op d'Träip (ech halen eng kleng Mëttesrascht).
  • Trauen ass gutt, nokucken ass besser.
  • Et muss een ëmmer wësse wéini datt een d'Tromp ausspillt.
  • Du sollts der ëmmer eng Tromp an der Täsch halen.
  • Du hues vun Tuten a Blose keng Anung! (du hues vun näischt eng Anung!)

U änneren

  • Alles huet en Ufank an en Enn.
  • Wou keen Ufank, ass och keen Enn.
  • All Ufank ass schwéier.
  • Ursaache sinn do fir ze gebrauchen.
  • Uewen erëm de Spëtzekranz, ënnen erëm de Läpp net ganz.

V änneren

 
  • Eemol verbrannt, an zweemol bestuet mécht räich.
  • Dat ass e schlechte Schmadd, dee keen Damp verdroe kann.
  • Dee kee Verdross huet, mécht sech es.
  • Alles vergeet (nëmmen déi kloer Waasserzoppen net).
  • Ech hunn e Verhalt ewéi eng Seibecken (ech hunn e ganz schlechte Verhalt)
  • Wien näischt seet, vermault sech net.
  • Wie sech op déi aner Leit verléisst, deen ass verlooss.
  • Et versäit ee sech net méi wéi hanner de Leit.
  • Verspriechen ass Schold, a Waarden ass Gedold.
  • Verspriechen an Halen ass zweeërlee.
  • De Verstand kënnt mat de Joren.
  • Vertrauen ass gutt, Kontroll ass besser.
  • Besser Virsiicht wéi Nosiicht.
  • Engem Volle geet e Fudder Hee aus dem Wee.
  • Schéi Fiedere maache schéi Vullen.
  • Du bass e Vull fir d'Kaz (du bass ufälleg fir Krankheeten).

W änneren

  • Deen ass mat all Waasser gewäsch, just net mat Wäiwaasser.
  • Et gesäit ee méi wäit iwwer d'Waasser, wéi dran.
  • Am dréiwe Waasser ass net gutt fëschen.
  • Am Wäin "erdrénken" der méi, wéi am Waasser.
  • ziel deem näischt virun, dee kann d'Waasser net halen (ziel deem näischt virun, dee kann näischt fir sech halen).
  • dat ass Waasser an de Pëtz geschott! (seet een, wann een eppes Iwwerflësseges mécht).
  • dat do ass Waasser op meng Millen! (dat do gëtt menger Meenung méi Gewiicht).
  • Wie fir d'éischt beim Wäiwaasser ass, dee seent sech.
  • Wann déi Wann net wier, dann hätte vill Geessen näischt ze friessen.
  • Wat net ass, kann nach ginn.
  • All Weeër féieren op Roum.
  • Wat s de net weess, dat mécht dech net hees.
  • Wat een net weess, dat weess en aneren.
  • Wéi een an de Bësch rifft, sou schaalt et zeréck.
  • Déi Wëll lafen am Bësch.
  • Wann een ënner d'Wëllef geet, muss ee mat haulen.
  • Mam Wëllen eleng geet et net duer.
  • Wann een de Kanner de Wëllen deet, da kräische se net.
  • Mat guddem Wëlle mécht ee vill.
  • Wëlls de net, dann hues de schonn.
  • Wëlls de dat eent, da wëlls de och dat anert.
  • Deen alles wëllt, kritt näischt.
  • Sou geet et op der Welt, deen een huet de Beidel, deen aneren huet d'Geld.
  • Et muss ee mat der Welt virugoen.
  • Ech muss engem d'Welt weisen.
  • Et ass eng elle Welt (d'Liewen ass net schéin).
  • Hien huet wënsch dragekuckt (hien ass schlecht gelaunt).
  • Wat ee wënscht, dat gleeft ee gär.
  • Zwee wësse méi wéi een.
  • D'Wieder erkennt een um Wand, den Här um Kniecht, de Papp um Kand.
  • Mat Wierder bezuelt ee keng Schold.
  • Um Enn vun hirem Liewe war d'Wittfra aarm ewéi Job (um Enn vun hirem Liewe war d'Wittfra ganz aarm)
  • D'Wourecht geet net ënner.
  • Op d'Wourecht kann ee bestoen.
  • Wann ee vum Wollef schwätzt, da kënnt en.
  • Et soll een net dem Wollef säi Pelz verkafen, bis een en huet.
  • Deemno Geld, deemno Wuer.
  • Et muss een net all Wuert op d'Goldwo leeën.
  • Ee Wuert gëtt dat anert.

X änneren

  • Engem en X fir en U virmaachen.

Y änneren

Z änneren

  • Alles huet seng Zäit, nëmmen d'Fléi fänken net.
  • Zäit ass Geld.
  • Hues de mol d'Pensioun, dann hues de keng Zäit méi.
  • Keng Zäit, kee Rot.
  • Kënnt Zäit, kënnt Rot.
  • D'Zäit an d'Leit muss een huele wéi se kommen.
  • Ze vill ass ongesond.
  • Et weess een ni ze vill, an dacks net genuch.
  • Déi zefridde Leit hunn ëmmer genuch.
  • Jiddwer Zirkus huet säi Clown.
  • Fir en Ziwwi ze maachen, muss een en Hues hunn.
  • Wann ee bis den Zock huet, da geet et bal vum selwen.
  • Hunneg op der Zong, Gal op der Long.
  • Vun der Zopp gëtt ee schéin.
  • Et gëtt keng Zopp sou waarm giess wéi se gekacht gëtt.
  • Dee gesäit aus, du mengs, e kréich keng waarm Zopp (dee gesäit gouereg a schappeg aus).