E Lampion ass eng Zort Lanter a Form vun enger faarweger pabeiersser Tiitche mat enger Liichtquell dran, z. B. enger Käerz.

Verschidden Zorte Lampionen zu Nagasaki

Lampione kommen ursprénglech aus China. Si ginn an Europa gär owes am Fräien op Fester opgehaangen, fir eng besonnesch Stëmmung ze schafen. Un engem Bengel opgehaangen, kënne Lampione ronderëmgedroe ginn. Zu Lëtzebuerg gi beim Liichte Goen Lampione vun de Kanner matgeholl.

Um Spaweck änneren

Commons: Lampionen – Biller, Videoen oder Audiodateien