D'Ligue HMC, mat voller Bezeechnung Ligue luxembourgeoise pour le secours aux enfants, aux adolescents et aux adultes mentalement ou cérébralement handicapés, ass eng lëtzebuergesch Hëllefsorganisatioun mat Sëtz zu Capellen an der Gemeng Mamer, déi 1963 gegrënnt gouf fir sech fir mental an zerebral handicapéiert Leit anzesetzen.

De Sëtz vun der Ligue HMC zu Capellen (2013)

Rechtlech besteet d'Ligue aus dräi Eenheeten:

Aktivitéiten änneren

Ursprénglech war et d'Zil vun der Ligue fir speziell Schoulklasse fir mental oder zerebral handicapéiert Kanner ze schafen. Mat der Zäit ass d'Zil vun de Beméiungen awer erweidert ginn.

Haut begräifen d'Aktivitéite follgend Beräicher:

  • Méi wéi 300 handicapéiert Persoune schaffen a verschiddene Servicer déi an de Beräicher vun der Ënnerbréngung, der Formatioun, der Aarbecht oder anere geleeëntleche Beschäftegungen offréiert ginn an dobäi gi se vun zirka 100 Persoune mat verschiddene Qualifikatiounen an de Beräicher Educatioun, Fleeg, Handwierk, Sozial- a Psychologësch Wëssenschaften, Administratioun asw. betreit.
  • Ënnerstëtzt gëtt d'Ligue vun enger Rei Fräiwëlleger déi z. B. als Verwaltungsrotmember, an enger Regionalsektioun oder bei diversen aneren Aktivitéite mathëllefen.
  • Ariichtungen, déi vun der Ligue HMC bedriwwe ginn:
    • Sechs Foyere fir ze wunnen
    • Zwee Servicer fir Dagesaktivitéiten
    • 21 protegéiert Atelieren
    • Ee professionelle Propädeutik-Zentrum
    • Zwee Servicer fir d'Begleedung a Betreiung

Geschichtlech Entwécklung änneren

 
Vue vun der Olmer Strooss aus
  • 1963 Grënnung vun der Ligue HMC fir déi schoulesch a professionell Formatioun vun handicapéierte Kanner a Jugendlechen z'ënnerstëtzen.
  • 1968 gouf d'Villa vum Nottär Bourg un der Kräizung vun der N6 mam CR103 zu Capellen fir d'Liga kaaft. Dat selwecht Joer gouf deen éischte Médico-Professionellen Institut (IMPRO) zu Lëtzebuerg gegrënnt.
  • 1969 ass ugefaange gi mat enger Beruffsformatioun fir mental handicapéiert Kanner a Jugendlecher an déi éischt Ateliere fir d'Besoine vum Médico-Professionellen Institut sinn ageriicht ginn.
  • 1975 ass deen éischte protegéierten Atelier vum Médico-Professionellen Institut an de Beräicher Schräinerei, Schlässerei, Keramik, Gärtnerei, Wiewerei, Buchbannen ageweit ginn.
  • 1980 ass aus dem Médico-Professionellen Institut de Centre de Réadaptation ginn an et gouf e Service d'Admission, d'Evaluation et d'Orientation (SAFE) geschaf.
Am selwechte Joer ass e Service de logement fir mental handicapéiert Leit an de Berodungszenter SAEMO (Service d'Aide Educative en Milieu Ouvert) entstanen.
  • 1981 gouf de Centre d'Aide par le Travail geschaf, deen Aarbechtsplaze fir staark handicapéiert Leit offréiert.
  • 1985 gouf d'Groupe de liaison Parents-Ligue HMC an d'Liewe geruff. Deen éischte Wunnfoyer (SAEMO) fir 7 Persounen ass opgaangen.
  • 1986 gouf en Ofkommes mam Familieministère fir d'Wunnstruktur geschloss.
D'Millebaacher Haus ass fir 8 Persounen opgaangen, déi permanent Betreiung brauchen
De protegéierten Atelier Fruit-Coop ass entstanen an zu Ollem ass en Uebstbongert ukaaft ginn.
  • 1989 ass d'Beggener Haus fir fënnef Persounen opgaangen.
  • 1991 ass d'Bouneweger Haus kaaft ginn an de Sëtz vun enger Wunnstruktur an engem Begleedungsservice (SAS) ass amenagéiert ginn.
  • 1994 ass d'Garer Haus opgaange fir eng Grupp vu méi autonome Leit ënnerzebréngen.
  • 1996 war d'Grënnung vum protegéierten Atelier Restaurant HMC zu Capellen.
Den Day Center, e Centre d'accueil et de rencontre pour personnes handicapées internes et externes ass opgaangen.
Ausserdeem ass d'Beggener Haus 2 fir sechs Persounen opgaangen.
  • 2001 ass d'Baastenduerfer Haus fir aacht Persoune mat permanenter Betreiung opgaangen.
  • 2002 ass d'Bouneweger Haus 2 opgaangen an integral un extern Leit verlount ginn.
  • 2003 ass de Centre de Réadaptation ëmgeännert ginn an eng Structure de Formation et de Travail.
  • 2004 ass d'Gesetz vum 12. September 2003 a Kraaft getrueden an doropshi konnten 169 Aarbechter ënner dem Statut vun engem handicapéierten Aarbechter agestallt ginn.
  • 2006 war den Transfert vun de protegéierten Ateliere mat hiren Infrastrukturen an hirem Personal vun der Ligue HMC asbl un d'Ligue HMC Kooperativ s.c.
Op Initiativ vun der Regionalsektioun Ettelbréck-Dikrech-Veianen-Wolz ass d'Ettelbrécker Haus fir 11 Persoune mat permanenter Betreiung opgaangen.

Literatur änneren

  • Luxemburger Wort Nr. 64 vum 16. Mäerz 2013, S. 41: Selbstbestimmung und Respekt
  • Ligue HMC, 2013: Step by Step - Das Buch zum Gedenken an den Weg von der Ausgrenzung bis hin zur Inklusion

Um Spaweck änneren