Liège-Bastogne-Liège 2020
Liège-Bastogne-Liège 2020 war déi 106. Editioun vun dëser Vëloscourse fir Hären, op der Strooss. Si gouf de 4. Oktober 2020 gefuer an ass eng Kompetitioun vun der UCI World Tour 2020 an der Kategorie 1.UWT. Normalerweis gëtt Liège-Bastogne-Liège als drëtt Course vun de sougenannten Ardenneklassiker am Abrëll gefuer, wéinst der COVID-19-Pandemie ass se 2020 an den Oktober geréckelt ginn.
| |||
Detailer | |||
Course | 106. Liège-Bastogne-Liège | ||
Kompetitioun | UCI World Tour 2020 1.UWT | ||
Datum | 4. Oktober 2020 | ||
Distanz | 257 km | ||
Land | Belsch | ||
Depart | Léck | ||
Arrivée | Léck | ||
Ekippen | 25 | ||
Um Depart | 175 | ||
Ukomm | 125 | ||
Vitess (Moyenne) | 39,333 km/h | ||
Official site | Official site | ||
Palmarès | |||
Gewënner | Primož Roglič (Jumbo-Visma) | ||
Zweeten | Marc Hirschi (Team Sunweb) | ||
Drëtten | Tadej Pogačar (UAE Team Emirates) | ||
◀2019 | 2021▶ | ||
Dokumentatioun |
Den Depart war zu Léck an d'Arrivée war no 258 km och nees zu Léck. Vun 1992 bis 2018 war d'Arrivée zu Ans.
D'Course gouf vum Sloveen Primož Roglič dee fir d'Ekipp Jumbo-Visma fiert, gewonnen. Ganz bosseg war 2020 datt den Julian Alaphilippe um Sprint virun der Arrivée, knapps 15 Meter ier en ukoum, scho gemengt hat e wär de Gewënner, an d'Hänn an d'Luucht geheit; de Roglič huet vun dësem faux-pas profitéiert an ass dunn och effektiv als Éischten ukomm. Den Alaphilippe gouf doropshin vun den Organisateuren op déi 5. Plaz zeréckgesat, well hie bei sengem Sprint onsportlech géintiwwer dem Marc Hirschi gefuer ass (wéi hie wärend dem Sprint seng Linn geännert huet an doduerch den Hirschi beim Fuere gestéiert.)[1]
Lëtzebuerger um Depart
ännerenAm Ganze waren 175 Coureuren um Depart, dovun déi dräi Lëtzebuergesch Coureuren Alex Kirsch, Bob Jungels a Michel Ries. De Bob Jungels koum als 92. iwwer d'ligne d'arrivée, de Michel Ries gouf 119. Den Alex Kirsch ass d'Course net op en Enn gefuer.[2]
Koppen déi gefuer goufen
ännerenNumm | km | Längt (m) | Pente (moyenne) | km vun der Arrivée | |
---|---|---|---|---|---|
1 | Côte de la Roche-en-Ardenne | 75 | 2 900 | 5,6 % | 181 |
2 | Côte de Saint-Roch | 121 | 1 000 | 11,2 % | 135 |
3 | Côte de Mont-le-Soie | 161 | 4 000 | 6,1 % | 95 |
4 | Côte de Wanne | 169,5 | 2 800 | 7,4 % | 86,5 |
5 | Côte de Stockeu | 176 | 1 000 | 12,5 % | 80 |
6 | Côte de la Haute-Levée | 181,5 | 3 600 | 5,6 % | 74,5 |
7 | Col du Rosier | 194,5 | 4 400 | 5,9 % | 61,5 |
8 | Col du Maquisard | 207 | 2 500 | 5 % | 49 |
9 | Côte de La Redoute | 219 | 2 000 | 8,9 % | 37 |
10 | Côte des Forges (Stèle Stan Ockers) | 231 | 1 530 | 6,9 % | 25 |
11 | Côte de la Roche-aux-faucons | 241 | 1 300 | 11 % | 15 |
Klassement
änneren
| ||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
Source: ProCyclingStats |