Den Alex Kirsch, gebuer den 12. Juni 1992 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Vëlossportler. Zanter 2012 fiert hie fir d'Team Leopard Trek.[1]

Alex Kirsch
Gebuer 12. Juni 1992
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Vëlossportler
Gréisst 194 Zentimeter
Gewiicht 75 kg
Kompetitiounsklass Vëlossport op der Strooss
Veräin/Ekipp Cult Energy,
Trek-Segafredo,
Leopard Pro Cycling,
Wallonie Bruxelles-Group Protect,
Trek-Segafredo,
UC Dippach
Den Alex Kirsch bei de Spiller vun de klenge Länner 2013 am Zäitfueren

Zweemol gouf hien éischte beim Nationale Stroossechampionnat, 2008 bei den Debutants an 2012 bei den Espoiren.

Beim Zäitfueren op de Spiller vun de klenge Länner 2013 huet en d'Sëlwermedail gewonnen.

Säi Brudder Carlo ass och Vëlossportler.

Palmarès änneren

  • 2004
    •   Nationalmeeschter op der Strooss (Minimes)
  • 2008
    •   Nationalmeeschter op der Strooss (Debutants)
  • 2009
    • 3. bei den Nationalmeeschterschaften op der Strooss (Contre-la-montre Juniors)
    • 3. bei den Nationalmeeschterschaften op der Strooss (Juniors)
  • 2010
    • 2. bei den Nationalmeeschterschaften op der Strooss (Contre-la-montre Juniors)
    • 2. bei den Nationalmeeschterschaften op der Strooss (Juniors)
    • 8. beim Grand Prix Général Patton
  • 2012
    •   Nationalmeeschter op der Strooss (Espoirs)
  • 2013
  • 2014
  • 2017
  00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.


Um Spaweck änneren

Commons: Alex Kirsch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Den Alex Kirsch op siteducyclisme.net