D'Côte des Forges och Thier des Forges ass eng Kopp déi reegelméisseg an der Course Liège-Bastogne-Liège gefuer gëtt.

Côte des Forges: Monument fir de Stan Ockers, Gewënner vum Liège-Bastogne-Liège 1955

D'Opfaart ass an der klenger Uertschaft Les Forges an der Sektioun Gomzé-Andoumont vun der Gemeng Sprimont am Dall vun der klenger Baach Ri de Mosbeux op enger Héicht vun 180 Meter an déi héchst Plaz ass op enger Héicht vun 300 Meter, bei der Croix Michel do wou d'Monument fir de Stan Ockers steet, dee Léck-Baaschtnech-Léck 1955 gewonnen hat.

Fir eng Denivellatioun vun 120 m ginn 2000 Meter gefuer an d'Moyenne vun der Pente ass 6,0 %, mat engem Maximum am ënneschten Deel vun 10 %.