D'Côte de Stockeu och dacks einfach Stockeu gennannt ass e géie Stouss vun 2400 m zu Stavelot dee vum Dall vun de Amblève op d'Héicht vun Hénumont an der Gemeng Trois-Ponts féiert. Se huet eng Pente vun an der Moyenne 9,6 % a mat engem Maximum vun 21 %. Et ass eng Kopp déi reegelméisseg um Programm vu Léck-Baaschtnech-Léck steet.

Côte de Stockeu
Monument fir den Eddy Merckx

Monument fir den Eddy Merckx
Monument fir den Eddy Merckx
Land Belsch
Héicht (Depart) 274,50 m
Héicht (Arrivée) 506 m
Längt 2.400 m
Ufank Stavelot
Enn Hénumont
Denivellatioun 231,5 m
Pente (Moyenne) 9,64 %
Pente (Maximum) 21,0 %

Am hallwe Stouss do wou de Stockeu op d'Route de Somagne stéisst steet e Monument dat un den Eddy Merckx erënnert deen d'Doyenne fënnefmol konnt gewannen.

De séierste Coureur am Stouss ass bis haut (2020) den Ignace Boering, dee beim Léck-Baaschtnech-Léck 1978 no 6 Minutten an 23 Sekonnen iwwer d'Kopp gefuer ass an domat dem Otto de Graaf säi Rekod vun 1969 gebrach hat.

Hir Konterparti fir vun der anerer Säit op d'Kopp ze kommen ass d'Côte de Wanne.