Lew Iwanowitsch Jaschin

sowjeteschen (russesche) Foussballspiller a fréieren Äishockeyspiller
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Lew Iwanowitsch Jaschin (op Russesch: Лев Иванович Яшин), gebuer den 22. Oktober 1929 zu Moskau an och do gestuerwen den 20. Mäerz 1990, war e sowjeteschen (russesche) Foussballspiller op der Golkipp-Positioun[1],[2], an och e fréieren Äishockeyspiller[3].

Lew Iwanowitsch Jaschin
Gebuer 21. Oktober 1929
Moskau
Gestuerwen 20. Mäerz 1990
Moskau
Doudesursaach Mokriibs
Nationalitéit Sowjetunioun
Aktivitéit Foussballspiller, Äishockeyspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Golkipp
Gréisst 189 Zentimeter
Gewiicht 82 kg
Veräin/Ekipp Sowjetesch Foussballnationalekipp
Huet matgemaach bei Foussball-Weltmeeschterschaft 1962, Foussball-Weltmeeschterschaft 1958, Olympesch Summerspiller 1956, Foussball-Europameeschterschaft 1964
Partei Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun

Hien huet seng Sportscarrière, ursprénglech als Amateurfoussballspiller, 1945 ugefaangen. Vun 1950 bis 1953 spillt de Jaschin och als Äishockeygolkipp an hat esouguer Succès an dësem Sport, awer war hie spéider ausschliisslech op Foussball ausgeriicht[4].

De Lew Jaschin huet a senger Profi-Foussballcarrière nëmme fir den FK Dinamo Moskau (1950–70) gespillt. Vun 1954 bis 1967 huet de Jaschin och 74-mol fir déi sowjetesch Foussballnationalekipp‎, ënner anerem an den Olympia-Matcher, gespillt[1],[2]. 1956 huet de Sportler zu Melbourne eng olympesch Goldmedail gewonnen[5].

De Lew Jaschin war ee vun de beschte Golkippe vun der RSFSR[2]. Hie war den éischte Golkipp, deen de Ballon d'Or (1963) kritt hat, a gouf vu FIFA[6] a vun IFFHS als de beschte "Kipper" vum 20. Joerhonnert[7] consideréiert. An de "westleche" Länner gouf de Jaschin als Black Spider oder The Man in Black genannt[5].

De bekannte russesche Sänger a Schauspiller Wladimir Wyssozki huet dem Lew Jaschin säi Lidd Wratar (Вратарь, "Golkipp") dedicasséiert[8].

Hie war e Grousspapp vum Foussballtrainer, -spiller a Sportsenseignant Wassili Frolow[1].

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Lew Jaschin – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. 1,0 1,1 1,2 https://www.transfermarkt.com/lev-yashin/profil/spieler/174987
  2. 2,0 2,1 2,2 Archive copy Archivéiert de(n) 2011-08-24. Gekuckt de(n) 2017-10-08.
  3. https://life.ru/t/%D1%81%D0%BF%D0%BE%D1%80%D1%82/1053894/liev_iashin_takikh_kak_on_nie_bylo_i_nie_budiet
  4. https://ria.ru/spravka/20141022/1029201183.html
  5. 5,0 5,1 https://www.sports-reference.com/olympics/athletes/ya/lev-yashin-1.html
  6. https://ria.ru/sport/20111022/467596509.html
  7. http://www.rsssf.com/miscellaneous/iffhs-century.html
  8. http://www.kulichki.com/vv/pesni/da-segodnya-ya-v.html