Les Essarts-lès-Sézanne
franséisch Gemeng am Departement Marne
Les Essarts-lès-Sézanne ass eng franséisch Gemeng am Departement Marne an der Regioun Grand Est
| |||||
---|---|---|---|---|---|
D'Märei | |||||
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Grand Est | ||||
Departement | Marne | ||||
Arrondissement | Épernay | ||||
Kanton | Sézanne-Brie et Champagne | ||||
Postcode | 51120 | ||||
Gemengecode | 51235 | ||||
Koordinaten | 48° 45’ 13’’ N 03° 39’ 09’’ O | ||||
Fläch | 1 679 ha | ||||
Bevëlkerung | 259 (2016) |
Ausser der Uertschaft Essarts-lès-Sézanne, déi e Reienduerf ass a riets a lénks vun der Departementale 46 läit gëtt et nach am Norde vun der Gemeng d'Lieu-diten Le Châtelot a L'Ermite, souwéi zwéi grouss Bauerenhäff, d'Ferme du Gué Barré a La Godine.
Gemeng läit an an enger flaacher Felderlandschaft déi mat hire Feldweeër systematesch a grouss Rechtecker opgedeelt ass. Den eenzege Waasserlaf deen och an der Gemeng seng Quell huet ass de Ruisseau de Louva deen iwwer d'Noue weider an de Grand Morin leeft.