Leopold Hager
éisträichesche Museker an Dirigent
De Leopold Hager gebuer de 6. Oktober 1935 zu Salzburg, an Éisträich, ass en éisträichesche Museker an Dirigent. Hien ass weltbekannt duerch seng Interpretatioune vu Wierker aus der éischter éisträichescher Schoul (Haydn, Mozart, Beethoven a Schubert). Hie war och Dirigent vum Sinfoneschen Orchester vu Radio Lëtzebuerg, dem Virleefer vum haitegen Orchestre philharmonique du Luxembourg. An dëser Funktioun war hien den Nofollger vum Louis de Froment an de Virgänger vum David Shallon.
Leopold Hager | |
---|---|
Gebuer |
6. Oktober 1935 Salzburg |
Nationalitéit | Éisträich |
Educatioun | Mozarteum Salzburg |
Aktivitéit | Dirigent, Universitéitsprofesser |
Hien huet um Salzburger Mozarteum (1949-1957) Piano, Uergel, Harf, Orchesterféierung a Kompositioun beim Paumgartner, Wimberger, Bresgen, J.N. David, a Kornauth studéiert.
Seng Karriär
änneren- 1957-1962: Dirigent-Assistent am Mainzer Stadtheater;
- 1962-1964: Dirigent, Landestheater Linz;
- 1964-1965: Dirigent, Oper vu Köln;
- 1965-1969: Generalmusikdirektor zu Freiburg im Breisgau;
- 1969-1981: Chefdirigent vum Mozarteum Orchester zu Salzburg;
- 1976 huet hie seng Debuten am Metropolitan Opera House zu New York gemaach an huet do d'Oper Le Nozze di Figaro dirigéiert. Hien ass och an aneren Opern-Haiser, (ë. a. Wien a Berlin) opgetratt.
- 1981 gouf hie Chefdirigent vum Sinfoneschen Orchester vu Radio Lëtzebuerg, eng Funktioun déi him zu weiderem grousse Succès verhollef huet.
- Bis 2004 huet hien op der University of Music and Performing Arts zu Wien Coursen iwwer d'Orchesterféierung ginn, op enger eng Classe, aus där legendär Dirigenten, wéi Herbert von Karajan, Zubin Mehta and Claudio Abbado ervirgaange sinn. Do huet hien déi grouss Traditioun vu weltbekannte Musekprofesseren, wéi Clemens Krauss an Hans Swarowsky, weidergefouert.
Gielercher
änneren- Chevalier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 1995)[1]
Referenzen
änneren- ↑ Memorial B n° 6 vun 1996 mat der Lëscht vun de Leit déi 1995 eng national Auszeechnung kritt hunn Op der Säit 93 vun deem Memorial steet 'Promotion 1995' wärend op der säit 94 'Promotion 1994' steet.