Taoiseach

ireschen Titel vum iresche Regierungschef oder Premierminister

Taoiseach [ˈt̪iːʃəx] (Méizuel: Taoisigh) ass am Iresch-Gäleschen den Titel vum iresche Regierungschef oder Premierminister. D'Wuert gëtt deelweis och mam iresche bestëmmten Artikel an Taoiseach gebraucht.

Logo vun der irescher Regierung

Den Taoiseach gëtt vum ireschen Ënnerhaus (Dáil Éireann, kuerz: Dáil) proposéiert, an duerno vum iresche President genannt a brauch, fir am Amt kënnen ze bleiwen, d'Vertraue vum Dáil.


Allgemenges änneren

Der irescher Verfassung no, muss de Taoiseach vum Representantenhaus (Dáil Éireann) vum Parlament genannt ginn. Fir de Fall, datt den Taoiseach d'Vertraue vum Dáil verléiert, bestinn zwou Méiglechkeeten. E kann entweeder zerécktrieden oder versichen, de President dovun z'iwwerzeegen, d'Dáil opzeléisen. De President kann déi Demande refuséieren an domat den Taoiseach iwwerrieden zeréckzetrieden. Bis elo ass sou eng Situatioun allerdéngs nach net agetrueden. D'Dáil kann dem Taoiseach d'Vertrauen entzéien, entweeder duerch en erfollegräiche Mësstrauensvott, eng mësslonge Vertrauensfro oder doduerch datt et dem Taoiseach seng Ënnerstëtzung refuséiert[1]. Fir de Fall vum Récktrëtt, bleift den Taoiseach esou laang a senger Funktioun, bis en Nofollger genannt gouf.

Den Taoiseach nominéiert d'Membere vu senger Regierung, déi da mat der Autorisatioun vum Dáil vum President ernannt ginn. Hie kann och Memberen aus der Regierung ausschléissen. Hien ass och verantwortlech fir d'Nominéierung vun eelef Membere vum iresche Senat, dem Seanad Éireann.

Geschicht änneren

Ursprong vum Numm änneren

D'Wierder Taoiseach an Tánaiste (Titel vum Vize-Ministerpresident) stamen allebéid aus der Irescher Sprooch an hu virmëttelalterlech Originnen.

Obschonn den Taoiseach an der Constitutioun als „Regierungschef“ oder „Premierminister“ beschriwwe gëtt, ass déi ursprénglech Bedeitung vum Wuert „Chef, Leader“ oder „Häuptling“.

Dee fréiste bekannten Nowäis vum Wuert geet op eng zweesproocheg Opschrëft aus Wales aus dem 5. oder 6. Joerhonnert zeréck, wou e souwuel am alen Ireschen an der Ogham Schrëft wéi och an Englescher Sprooch a Laténgescher Schrëft gebraucht gëtt.

Modern Geschicht änneren

D'Funktioun vum Taoiseach gouf duerch déi iresch Verfassung am Joer 1937 geschaaft an huet déi vum President vum Exekutivrot vum Iresche Fräistaat ersat, obwuel béid Ämter sech awer a verschiddene fundamentale Saachen ënnerscheeden. Sou hat de President vum Exekutivrot manner Muechtkompetenzen, well hie weeder eenzel Ministeren entloossen (nëmmen d'Regierung am Ganzen) nach d'Ënnerhaus opléise konnt.

An der Vergaangenheet gouf et an Irland scho Koalitiounsregierungen – a sou engem Fall war de Taoiseach (bis op eng Ausnam) ëmmer de President vun enger vun de stäerkste Regierungsparteien. D'Ausnam war den John A. Costello, deen d'Funktioun fir de Richard Mulcahy (President vu Fine Gael) ausgeféiert huet, well de Mulcahy net vun den anere Regierungsparteien ënnerstëtzt gouf.

Lëscht vun de Regierungscheffen änneren

Ier d'Constitutioun vun 1937 a Kraaft war, gouf de Regierungschef als President vum Exekutivrot ((en) President of the Executive Council) bezeechent. Den Éischten an där Funktioun war de William T. Cosgrave vun der Cumann na nGaedheal vun 1922 bis 1932 an duerno war et den Éamon de Valera vun der Fianna Fáil vun 1932 bis 1937. Et ass Usus de Cosgrave bei der Nummeréierung vun den Taoisigh mat anzebezéien; dowéinst gëllt zum Beispill de Micheál Martin als 15. an net als 14. Taoiseach.

# Portrait Numm vun bis Partei

President vum Executivrot (6. Dezember 1922 – 29. Dezember 1937) änneren

1   William T. Cosgrave 06.12.1922 09.03.1932 Sinn Féin /
Cumann na nGaedheal
2   Éamon de Valera 09.03.1932 29.12.1937 Fianna Fáil

Taoiseach (zanter dem 29. Dezember 1937) änneren

(2)   Éamon de Valera 29.12.1937 18.02.1948 Fianna Fáil
3   John A. Costello 18.02.1948 13.06.1951 Fine Gael
(2)   Éamon de Valera 13.06.1951 02.06.1954 Fianna Fáil
(3)   John A. Costello 02.06.1954 20.03.1957 Fine Gael
(2)   Éamon de Valera 20.03.1957 23.06.1959 Fianna Fáil
4   Seán Lemass 23.06.1959 10.11.1966 Fianna Fáil
5   Jack Lynch 10.11.1966 14.03.1973 Fianna Fáil
6   Liam Cosgrave 14.03.1973 05.07.1977 Fine Gael
(5)   Jack Lynch 05.07.1977 11.12.1979 Fianna Fáil
7   Charles J. Haughey 11.12.1979 30.06.1981 Fianna Fáil
8   Garret FitzGerald 30.06.1981 09.03.1982 Fine Gael
(7)   Charles J. Haughey 09.03.1982 14.12.1982 Fianna Fáil
(8)   Garret FitzGerald 14.12.1982 10.03.1987 Fine Gael
(7)   Charles J. Haughey 10.03.1987 11.02.1992 Fianna Fáil
9 Albert Reynolds 11.02.1992 15.12.1994 Fianna Fáil
10   John Bruton 15.12.1994 26.06.1997 Fine Gael
11   Bertie Ahern 26.06.1997 06.05.2008 Fianna Fáil
12   Brian Cowen 07.05.2008 09.03.2011 Fianna Fáil
13   Enda Kenny 09.03.2011 13.06.2017 Fine Gael
14   Leo Varadkar 14.06.2017 27.06.2020 Fine Gael
15   Micheál Martin 27.06.2020 17.12.2022 Fianna Fáil
(13)   Leo Varadkar 17.12.2022 20.03.2024 Fine Gael

Referenzen an Notten änneren

  1. Dëse Refus ((en) Loss of Supply) gouf et bis elo just eemol, am Januar 1982, wéi d'Dáil de Budget vun der deemoleger Regierung vun der Fine Gael an der Labour Party ënner dem Garret FitzGerald net approuvéiert hat. De FitzGerald huet doropshin de President Patrick Hillery gefrot fir d'Dáil opzeléisen, wat deen dunn och gemaach huet.