Léon Berchem
lëtzebuergeschen Auteur
(Virugeleet vu(n) Leo Berchem)
De Léon (Leo) Berchem, gebuer de 17. Abrëll 1897 zu Diddeleng, a gestuerwen den 13. September 1961 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Auteur.
Léon Berchem | |
---|---|
Gebuertsnumm | Léon Nicolas Berchem |
Gebuer |
17. Abrëll 1897 Diddeleng |
Gestuerwen |
13. September 1961 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller |
Famill | |
Kanner | Pierre Berchem |
De Léon Berchem huet als Comptabel bei der ARBED geschafft. Hien huet zesumme mam Michel Molitor lëtzebuergesch Soen a Legende gesammelt an Theaterstécker a Gedichter geschriwwen.
Säi Jong ass de Moler a Sculpteur Pierre Berchem.
Publikatiounen (Auswiel)
änneren- De Klautjen vun Itzeg. Eng âl letzeburger Sô an drei Akten. Dummeldeng 1927.
- Heimatsagen. Blütenlese aus dem Luxemburger Sagen- und Legendenschatz. Luxemburg 1929, 145 S. (zesumme mam Michel Molitor).
- Heimatsagen. Neue Auslese aus dem Luxemburger Sagen- und Legendenschatz. Grevenmacher 1932, 140 S. (zesumme mam Michel Molitor).
Gielchen
änneren- Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne[1]
Literatur
änneren- Schmit, S. Leo Berchem. Léon Berchem. In: Luxemburger Autorenlexikon [26.02.2015].
Kuckt och
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Doudesannonce vum Léon Berchem am Luxemburger Wort vum 15. September 1961 op der Säit 6 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 2. Januar 2023