Lasne (Baach)
D'Lasne, am Flämesche Brabant als Lane op der topographescher Kaart ze fannen[1], ass e klenge Floss an der belsche Provënze wallounesche Brabant a flämesche Brabant. Et ass en Niewefloss vun der Dijle a gehéiert domat zum Baseng vum Escaut.
D'Lasne zu Terlanen | |
Längt | 26 km |
---|---|
Hydrographesche Baseng | Escaut |
Fläch vum Baseng | 109 km² |
Originn | |
Originn | Quell |
Plaz | Plancenoit |
Héicht | 110 |
Koordinaten |
50° 39’ 33.06’’ N 04° 25’ 37.79’’ O |
Konfluenz | |
Leeft an | Dyle |
Plaz | Sint-Agatha-Rode |
Héicht | 30 m |
Koordinaten |
50° 47’ 34.39’’ N 04° 38’ 15.10’’ O |
Haaptnieweflëss | Smohain - Argentine |
Geographie | |
Land | Belsch |
Uertschaften | |
D'Lasne huet hir Quell an de Wisen um südleche Bord vun der Uertschaft Plancenoit hanner den Haiser vun der Rue de la Bachée, déi tëscht der Rue al'Gatte an dem Clos de la Neuve Cour stinn. Vun do leeft se eng ronn 600 Meter a Réier, ier se op der Héicht vun der Rue d'Anogrune aus dem Buedem kënnt. Duerno leeft se eng honnert Meter no Süde bis bei d'Pompelstatioun vun de Bréisseler Waasserwierker, wou da vu riets de Ruisseau des Broues draleeft. Vun do leeft se dann haaptsächlech an nordëstlecher Richtung duerch oder laanscht Couture-Saint-Germain, Lasne, Rixensart , Overijse an Huldenberg fir nërdlech vu Sint-Agatha-Rode um Sint-Agathaveld an d'Dijle ze lafen.
Hir Haaptnieweflëss sinn d'Argentine an de Smohain.
Ënner dem N° BE31003 ass den Dall vun der Lasne an de Gemenge Rixensart a Wawre mat 432,65 ha als Natura-2000-Gebitt klasséiert. En décke Véierel vun der Fläch besteet aus Bichebëscher vum Typ Atlantesche Buchebësch op sauerem Buedem. Weider drësseg Hektar bestinn aus Abëscher.
Chaînage
ännerenBaseng | Niewewebaseng | Direkt Nieweflëss | |
---|---|---|---|
Escaut | Rupel iwwer d'Dijle |
Lasne | Argentine |
Mazerine | |||
Ruisseau Monseigneur | |||
Ry Margot | |||
Ry d'Heuchaux | |||
Smohain | |||
Ruisseau des Brous |
Um Spaweck
ännerenCommons: Lasne – Biller, Videoen oder Audiodateien |