Rupel
D'Rupel ass e Floss vun 12 km an der belscher Provënz Antwerpen a Flandern. Se ass e rietsen Niewefloss vun der Schelde, an déi se vis-à-vis vu Rupelmonde leeft.
D'Rupel ass deen eenzege Floss an der Belsch "ouni Quell": Se entsteet aus dem Zesummefloss vun der Nete an der Dijle.
Ebbe a Flut sinn, iwwer d'Schelde, bis bei d'Rupel ze spieren. De Floss ass fir Schëffer ausgebaut.
D'Rupel leeft duerch d'Gemenge Rumst, Boom, Niel a Schelle, a si mécht vu Rumst bis bei hir Mëndung, d'Verbindung tëscht der Schelde an dem Kanal Louvain-Dijle.
Schëffskanäl a kanaliséiert Flëss an der Belsch | ||
ABC-Kanal · Albertkanal · Bergues · Bocholt-Heerentals · Boudewijnkanaal · Bréissel-Charleroi · Briedgen-Neerharen · Centre · Damse Vaart · Escaut · Gent-Ostende · Lanaye · Leie · Louvain-Dijle · Meuse · Monsin-Kanal · Meuse-Musel-Kanal · Nimy-Blaton-Péronnes· Pommerœul-Condé · Pommerœul-Antoing· Rupel · Sambre · Visé · Kanal vu Willebroek |
Um SpaweckÄnneren
Commons: Rupel – Biller, Videoen oder Audiodateien |