Lannenerbierg
De Lannenerbierg (och Lannener Bierg) ass e Lieu-dit an der Gemeng Réiden op der Atert. E läit um Bierg mam selwechten Numm ongeféier annerhallwe Kilometer nërdlech vu Lannen a besteet aus e puer zerstreete Bauerenhäff.
Lannenerbierg | |
---|---|
An anere Sproochen |
fr: Lannenerberg de: Lannenerberg |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Réiden op der Atert |
Gemeng | Réiden op der Atert |
Buergermeeschter | Henri Gerekens |
Koordinaten |
49° 48’ 03,2’’ N 5° 50’ 24,2’’ O |
Geographie änneren
Am Géigesaz zu Lannen läit de Lannenerbierg als eenzegen Deel vun der Gemeng Réiden op der Atert am Éislek.[1]
E läit op enger Héicht vu ronn 450 Meter iwwer dem Mieresspigel, dat si gutt 100 Meter méi héich wéi Lannen.
No Süden a Westen hi gëtt e vum ieweschten Dall vun der Fräsbech begrenzt a fällt nom Guttland hin of. No Norde geet en an en Héichplateau iwwer, mam héchste Punkt op 508 Meter um Flouer Steerausch.
Dei eenzel Bauerenhäff sinn op zwou kleng Koppe verdeelt, déi vun enger klenger Baach déi an d'Fräsbech leeft, dem Haubur, getrennt ginn.
Infrastruktur änneren
Um Lannenerbierg steet ee Waasserreservoir vun der Gemeng Réiden op der Atert.
Am Kader vum Wandpark Kanton Réiden soll um Lannenerbierg eng vu fënnef Wandmille gebaut ginn, déi 2021 a Betrib goe soll.[2]
Kuckt och änneren
Referenzen änneren
- ↑ Geologesch Kaart vun der Gemeng Réiden op der Atert. Gekuckt de(n) 14.03.2020.
- ↑ Wandpark Kanton Réiden Archivéiert op 2020-08-04. Gekuckt de(n) 14.03.2020.