Nojemer Bierg

Kopp bei Nojem

Den Nojemer Bierg ass e Lieu-dit um Bierg mam selwechten Numm an der Gemeng Réiden op der Atert.

Nojemer Bierg
An anere Sproochen fr: Nagemerberg
de: Nagemerberg
Land Lëtzebuerg
Kanton Coat of arms redange sur attert luxbrg.png Réiden op der Atert
Gemeng Coat of arms redange sur attert luxbrg.png Réiden op der Atert
Buergermeeschter Henri Gerekens
Koordinaten 49°47'37,8"N, 5°50'48,6"O

GeographieÄnneren

Den Nojemer Bierg läit ongeféier ee Kilometer nordwestlech vun Nojem op enger Héicht vu ronn 370 Meter iwwer dem Mieresspigel, ongeféier 60 Meter méi héich wéi Nojem.

No Süden a Westen hi flaacht de Biergvirspronk an den Dall vun der Fräsbech of. No Osten, a Richtung vum Nojemer Haff gëtt en duerch d'Griecht vun enger klenger Baach déi an d'Fräsbech leeft, genannt Hanzegrond begrenzt. No Norden hi geet en an de Lannener Bierg iwwer.

Den Nojemer Bierg läit am Guttland, d'Grenz zum Éislek verleeft ronn ee Kilometer weider nërdlech[1]

ReferenzenÄnneren

  1. Geologesch Kaart vun der Gemeng Réiden op der Atert. Gekuckt de(n) 14.03.2020.