Lycée technique de Lallange
De Lycée technique de Lallange, kuerz LTL, ass eng ëffentlech lëtzebuergesch Secondaireschoul.
Geschicht
Duerch Gesetz vum 28. Oktober 2002 ass, nom Lycée technique d'Esch-sur-Alzette (LTE), eng zweet technesch Secondaire-Schoul, um Territoire vun der Stad Esch-Uelzecht an d'Liewe geruff ginn. Dës krut duerch Règlement grand-ducal vum 24. Dezember 2002 den Numm "Lycée technique de Lallange" (LTL).
Provisoresch war d'Haaptgebai vum LTL zu Esch op der Victor-Hugo-Plaz, an eng Annexe dovun zu Schëffleng am "Arbed-Gebai".
No véier Joer Bauzäit gouf déi nei Schoul am September 2010 mam Ufank vum neie Schouljoer a Betrib geholl. D'Gebai ass no de Pläng vun den Architekten A.M. Jacek Pawlowski a Jean-Claude Lutz gebaut ginn. Déi offiziell Aweiung war den 29. Oktober 2010 a Presenz vun de Ministere Claude Wiseler a Mady Delvaux-Stehres. Éischte Schouldirekter am LTL ass de Claude Loesch.
D'Schoul am Detail
- Baukäschten: 100 Milliounen Euro
- Capacitéit: zirka 1500 Schüler
- Klassenzëmmer: 53
- Informatiksäll: 12
- Handwierksatelieren: 5
- Laboratoire fir naturwëssenschaftlech Fächer: 8
- Sportinfrastruktur: 1 Schwämm, 2 Sporthalen, 1 Kraaftraum, 1 Danzsall, 1 Foussballterrain, 1 Multi-Sportterrain
- Schoulrestaurant: 450 Plazen