LGV Bréissel - Däitsch Grenz

D'Héichvitess-Linn (LGV Bréissel-Köln) ass eng Héichvitessstreck vun der SNCB zesumme mat der DB fir Héichvitesszich vu Bréissel aus un dat däitscht ICE-Netz unzebannen, fir eng direkt Verbindung tëscht de franséischen, de belschen, den hollänneschen an den däitsche Linnen ze garantéieren. Dat gouf virdru mat ICE- an Thalysverbindunge gemaach, déi awer deelweis op traditionelle Strecke gefuer sinn.

LGV-Bréck bei Herve
LGV no der Unterführung vun der Rue des Maçons zu Soumagne
LGV-Bréck bei Battice

Mat dem Projet, fir deen 1.810.000.000 Euro virgesi waren, gouf 1997 ugefaangen. Kardinolpunkten op der Streck an der Belsch sinn: Bréissel, Léiwen, Léck, Hauset a Welkenraedt.

D'Streck huet eng total Längt vun 139 km, dovu sinn 89 km op enger komplett neier Streck (Linnen 2 an 3), a 50 km op ale Strecken, déi moderniséiert goufen. Si ass ausgeluecht fir Vitesse bis 300 km an der Stonn.

Opdeelung vun de Strecken änneren

  • Bréissel - Léiwen (33 km): Linn 36N (moderniséiert)
  • Léiwen - Ans (62 km): Linn 2 (nei)
  • Ans - Léck - Chênée (14 km): Linn 36 (moderniséiert)
  • Chênée - Welkenraedt (27 km): Linn 3 (nei)
  • Welkenraedt - däitsch Grenz (10 km): Linn 37 (moderniséiert)

Chronologie änneren


Kuckt och änneren

Literatur änneren

  • Projet du train rapide Paris, Bruxelles, Cologne, an "Travaux", Februar 1986, N° 607.
  • Couchard, Iwan: Les lignes à grande vitesse dans la traversée de la Belgique. Des tranchées couvertes pour préserver le paysage, an "Tunnels et Ouvrages Souterrains", Mee -Juni 2002, N° 171.
  • De Ridder, Jan: Safety measures in the design of high-speed railway infrastructure in Belgium, presentéiert um IABSE Symposium, Antwerpen 2003.
  • Dethy, Bernard: Soil improvement for the construction of the platform for Belgian High Speed Train in urban areas, presentéiert um IABSE Symposium, Antwerpen 2003.
  • Kogut, Janusz: In situ vibration measurements on the high speed track L2 Brussels-Köln, presentéiert um IABSE Symposium, Antwerpen 2003.
  • Staquet, Stéphanie: Time-dependent behavior of a new kind of precambered prestressed bridge deck for the high speed lines in Belgium, presentéiert um IABSE Symposium, Antwerpen 2003.

Um Spaweck änneren

Commons: HSL 3 – Biller, Videoen oder Audiodateien