Lúcia dos Santos

portugisesch Nonn
Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Lúcia de Jesus Rosa dos Santos, gebuer den 22. Mäerz 1907 zu Aljustrel a Portugal, a gestuerwen den 13. Februar 2005 zu Coimbra, war eng portugisesch Nonn. Si war eent vun den dräi Kanner, déi 1917 zu Fátima, a Portugal, Zeie solle gewiescht si vu Marienerscheinungen.

Lúcia dos Santos
Pseudonym Irmã Lúcia, Maria Lúcia de Jesus e do Coração Imaculado
Gebuer 22. Mäerz 1907
Aljustrel
Gestuerwen 13. Februar 2005
Coimbra
Nationalitéit Portugal
Aktivitéit Kathoulesch Nonn
D'Lucia dos Santos lénks am Bild, an der Mëtt hire Koseng Francisco Marto a riets hir Kusin Jacinta Marto

Fátima, ongeféier 125 Kilometer nërdlech vun der portugisescher Haaptstad Lissabon, ass weltwäit mat dem franséische Lourdes eng vun deene wichtegsten Pilgeruertschafte ginn, déi all Joer Millioune vu gleewege Katholicken unzitt.

Erscheinungen änneren

Den 13. Mee 1917, et war matzen am Éischte Weltkrich, hunn dräi Kanner, d'Lucia dos Santos Jesus 10 Joer, hire Koseng Francisco Marto († 1920), 9 Joer, an hir Kusin Jacinta Marto († 1919), 7 Joer, e klengen Trapp Véi op der Cova da Iria enger Kaul an der Gemeng Fátima gehitt, der haiteger Diözees Leiria-Fátima.
Wéi d'Kanner erzielt haten, hätten se ëm Mëtteg e grellt Liicht gesinn. Si hätten et fir e Blëtz gehalen an sech aus Angscht, et kéim zu engem Donnerwieder, op de Wee no Heem gemaach. Ënnerwee hätten se nach sou e grell Liicht gesinn an doran eng schéi Fra an engem wäisse Kleed, méi hell wéi d'Sonn, déi de Kanner versprach hätt, se nach fënnefmol ze besichen, ëmmer den 13. am Mount. Bei dësen "Erscheinungen" war et nëmmen d'Lucia, dat sot, et hätt d'Gestalt net nëmme gesinn, mä och héieren, wat déi gesot hätt an hat hätt hir kéinten äntweren. D'Jacinta hätt se just kënnen héieren an de Francisco hätt se nëmme kënne gesinn.

Déi dräi Messagen änneren

D'Reaktioun vun der kathoulescher Kierch änneren

D'Publikatioun vun de Messagen änneren

D'Lucia dos Santos an hiert spéidert Liewen änneren

Am Juni 1921 ass d'Lucia dos Santos an en Heim zu Vilar bei Porto agetrueden, dat vun Nonne vun der Helleger Dorothea gefouert gouf. Kuerz drop ass se op Tuy geplënnert, wou se hire spéideren Numm ugeholl huet. Den 3. Oktober 1928 huet se do hiert zäitlecht Gelübd ofgeluecht an den 3. Oktober 1934 hiert éiwegt.

D'Lucia dos Santos hat als Schwëster Maria Lúcia vum Onbefleckten Häerz zanter dem 25. Mäerz 1948 am Karmeliterklouschter vun der Helleger Theresia zu Coimbra gelieft, an ass do den 13. Februar 2005 gestuerwen.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren