Cousin a Kusin

Kanner vun engem Monni oder enger Tatta
(Virugeleet vu(n) Kusin)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Cousin (och Koseng[1]) a Kusin sinn enger Persoun hirem Monni oder hirer Tatta hir Kanner, onofhängeg vun der Generatioun. D'Kanner vun Tatta oder Monni gi Rechte Koseng a Recht Kusin genannt.

Portrait vun der Queen Victoria an hirer Kusin, der Duchess of Nemours op engem Bild vum Franz Xaver Winterhalter (1852)
Grafik mat den allgemeng gebräichlechen europäesche Bezéiungen tëscht de Familljememberen.
Net all Bezeechnung ass am allgemenge Sproochgebrauch, absënns wat ee sech méi wäit vum Proband "Ech" ewech beweegt.

E Cousin / eng Kusin vum 2. Grad = Kandskand vun de Grousselteren hire Gesëschter = Kand vun enger Tatta oder engem Monni vum 2. Grad; d'gemeinsam Virfare sinn d'Urgrousselteren.

E Cousin / eng Kusin vum 3. Grad = Urenkel vun de Grousselteren hire Gesëschter = Kand vun enger Tatta oder engem Monni vum 3. Grad; d'gemeinsam Virfare sinn d'Ururgrousselteren.

Um Spaweck

änneren
Commons: Cousin a Kusin – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. Koseng. LOD - Lëtzebuerger Online Dictionnaire. www.lod.lu. Gekuckt de(n) 2021-12-25.