Lëtzebuergesch-Russesch Relatiounen

Mat Lëtzebuergesch-Russesch Relatioune ginn déi bilateral diplomatesch Relatiounen tëscht Lëtzebuerg a Russland bezeechent.

Sowjetescht/Russescht Éieremonument um Kierfecht Esch-Lalleng.
De President Putin op Staatsvisite zu Lëtzebuerg (24. Mee 2007).

Lëtzebuerg huet d'Ambassade zu Moskau an Honorarkonsulater zu Sankt Péitersbuerg, Jekaterinburg, Magnitogorsk an Tscherepowez[1],[2]. Russland huet eng Ambassade an der Stad Lëtzebuerg, am Beggener Schlass.

Offiziell diplomatesch Relatiounen tëscht deenen zwee Länner goufen 1891 opgeholl. Si hate Bestand bis 1917, wéi d'Sowjetherrschaft ugefaangen huet, an et huet du bis 1935 gedauert ier nees diplomatesch Liene geknëppt goufen, deen Ament mat der Sowjetunioun.

Russesch Gaaschtaarbechter zu LëtzebuergÄnneren

Wéi 1926 an der lëtzebuergescher Stolindustrie Aarbechtskräfte gefeelt hunn, huet déi lëtzebuergesch Regierung ënner anerem och Bulgarien proposéiert fir Intresséierter an d'Minettsgrouwen ze schécken - a Bulgarien waren zu där Zäit vill emigréiert russesch Wäissgardisten, vun deenen eng honnert Famille vu meeschtens fréieren Offizéier deem Opruff nokomm si fir Minett ze briechen an ze schmëlzen[3].

Keng "Gäscht", mä zur Aarbecht gezwonge waren déi Leit, déi an der Zäit vun der Nazi-Okkupatioun als sougenannt Ostarbeiter tëscht 1942 an 1944 an de Schmelzen a Grouwen hu misse schaffen. Vill vun hinne waren aus de vun den Nazie besaten Deeler vun der deemoleger Sowjetunioun. E puer vun hinne hu sech nom Krich zu Lëtzebuerg bestuet a sinn do bliwwen.[4]

Soss Lienen tëscht deenen zwee LännerÄnneren

De spéidere lëtzebuergesche Groussherzog Adolphe huet 1844 d'Elisabeth Michailowna vu Russland bestuet, Duechter vum Michael vu Romanow a Kandskand vum Zar Pol I.. Si haten eng Duechter, déi awer de 27. Januar 1845 zesumme mat der Mamm am Kandsbett gestuerwen ass.

1867 huet Russland d'Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg bei de Verhandlunge zum Traité vu London ënnerstëtzt, an d'Land an de Joren duerno am Ausland representéiert. Et sollt awer nach bis 1891 daueren ier déi diplomatesch Lienen och offizialiséiert goufen.

Zanter 1982 huet d'Groussherzogtum eng russesch-orthodox Kierch.

An der Geschicht vun de bilaterale Relatioune war et de Wladimir Putin deen de 24. Mee 2007 als éischte russesche President op offiziell Staatsvisitt op Lëtzebuerg komm ass. Well den Handel tëscht deenen zwee Länner sech méi wéi verdräifacht huet vu 66,6 Milliounen US Dollar 2003 op 228,3 Milliounen US Dollar 2006[5], war d'Zäit komm fir nach méi no beieneen ze réckelen, haaptsächlech am Energie- an am Finanzsektor[6]. Mëttlerweil (Stand Januar 2013) ass Lëtzebuerg via déi am Land registréiert Investmentfongen a seng Finanzinstitutiounen deen drëttgréissten Investisseur an déi russesch Wirtschaft[7].

De 5. a 6. Mäerz 2019 war den deemolege Ministerpresident Dmitri Medwedew op Staatsvisitt zu Lëtzebuerg[8]. Et goufen Dokumenter ratifizéiert, déi déi kulturell Kooperatioun tëscht den zwee Länner fir d'Joren 2019-2021 offizialiséiert hunn, an eng Kooperatiounserklärung am Beräich vun der Modernisatioun vun den Economien[9]. Net nëmmen déi zukünfteg mä och déi aktuell wirtschaftlech Relatioune goufen ervirgehuewen: 2019 huet Lëtzebuerg Gidder am Wäert vun 151 Milliounen Euro a Russland exportéiert (haaptsächlech schwéier Maschinnen, Elektrogeräter, Chimiesproduiten, Kautschuk a Grondmetaller), an 2018 goungen Déngschtleeschtungen am Wäert vun 237 Milliounen Euro a Russland. Domat ass den Handel zanter der leschter Staatsvisitt ëm méi wéi 29% geklommen. Dobäi kënnt, datt Lëtzebuerg via säi Finanzsektor ëmmer nach deen drëttgréissten Investisseur a Russland ass.[10]

Déi russesch Ambassade ënnerstëtzt de Russeschen Zentrum fir Wëssenschaft a Kultur, de Centre Pouchkine, an deen 2009 gegrënnte Russesche Club.

Den 1. Februar 2011 waren 1.006 Russen zu Lëtzebuerg registréiert[11]. Et gëtt awer geschat, datt eng 2.000 Leit mat russeschen Originnen zu Lëtzebuerg liewen, an nach eng weider 2.000 russeschsproocheg Leit aus deenen anere fréiere Sowjetrepublicken[7].

D'Relatiounen nom russeschen Ugrëffskrich op d'UkrainÄnneren

 
Manifestatioun, de 5. Mäerz 2022 géint déi russesch Invasioun vun der Ukrain.
  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

No der Russescher Invasioun vun der Ukrain, de 24. Februar 2022, huet Lëtzebuerg, zesumme mat den aneren EU Länner, eng ganz Rëtsch vu Sanktioune géint Russland geholl[12]; am Géigenzok huet Russland ë.a. all d'EU-Länner op seng eege Lëscht vun "onfrëndleche Länner" gesat.[13]

Am Kader vun deene Sanktiounen huet Lëtzebuerg (Stand: 7. Juni 2022) 4,3 Milliarden Euro Verméige vu Persounen, déi op der Sanktiounslëscht stinn, saiséiert an 'agefruer'.[14]

Déi fréier Wirtschaftsministere Jeannot Krecké an Etienne Schneider hu missen ënnert dem Drock vun der Ëffentlechkeet an hirer Partei, der LSAP, hir Posten an de Verwaltungsréit vu russesche Firmen opginn. Yachten, Fligeren an Helikoptere vu sanktionéierten Oligarche kruten hir Lëtzebuerger Registréierungen annuléiert.[15]


Um SpaweckÄnneren

Commons: Lëtzebuergesch-Russesch Relatiounen – Biller, Videoen oder Audiodateien

ReferenzenÄnneren

  1. Lëtzebuerger Ambassade a Russland - D'lëtzebuergesch Honorarkonsulater a Russland
  2. Lëtzebuerger Ausseministère - Lëscht vun de Konsulatsvetriedunge vum September 2014
  3. D'Liewe vum Sergei Puch
  4. Fernando Ricardo Baptista Barra: "Les 'Ostarbeiter' dans la sidérurgie luxembourgeoise (1942-1945)." In: Terres rouges. Histoire de la sidérurgie luxembourgeoise, tome 1. Collection dirigée par Charles Barthel et Josée Kirps. Luxembourg: Centre d'études et de recherche européennes Robert Schuman, Ministère d'État, Archives nationales du Luxembourg, Ministère de la culture, de l'enseignement et de la recherche, 2009, S.16-70.
  5. RIA Novosti vum 24. Mee 2007
  6. Revue 22 vum 2. Juni 2007
  7. 7,0 7,1 wort.lu/en vum 23. Januar 2013
  8. Paperjam vum 5. Mäerz 2019
  9. Paperjam vum 6. Mäerz 2019
  10. Paperjam vum 5. Mäerz 2019
  11. Repertoire vun de physesche Persounen
  12. "Sanctions adopted following Russia’s military aggression against Ukraine." europa.eu, gekuckt 2022-06-17.
  13. Michael Lee: "Here are the nations on Russia's 'unfriendly countries' list." CTV News, 8 March 2020.
  14. "Yuriko Backes présente les derniers chiffres sur les sanctions contre la Russie." Commuiqué op gouvernement.lu, 07 Juni 2022.
  15. Victor Weitzel: "Krieg und Unschuld." d'Lëtzebuerger Land, 6. Mee 2022.