Léon Mischo
Lëtzebuergeschen Dokter a Lokalpolitiker
De Léon Mischo, gebuer den 28. Januar 1907 zu Bouneweg a gestuerwen den 12. Februar 1988 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergeschen Dokter a Lokalpolitiker.
Léon Mischo | |
---|---|
Gebuer |
28. Januar 1907 Bouneweg |
Gestuerwen |
12. Februar 1988 Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Dokter |
De Léon Mischo huet de 5. Juni 1938 ugefaangen, an der Ettelbrécker Klinik als Dokter ze schaffen. Do gouf hien am Laf vu senger Karriär Chefdokter an da laangjäregen Direkter. Uganks 1973 huet hie seng Pensioun geholl[2].
Hie gouf bei de Gemengerotswalen am Hierscht 1957 an de Gemengerot vun der Stad Ettelbréck gewielt a war 9 Joer laang, vum 1. Januar 1958 bis zu senger Demissioun aus Gesondheetsgrënn, am August 1967, Buergermeeschter vun där Stad[3]. 1967 krut hien den Titel Éierebuergermeeschter[2].
Fir un hien z'erënneren, gouf zu Waarken eng Strooss no him genannt[4].
Referenzen
änneren- ↑ De Léon Mischo op luxracines.lu
- ↑ 2,0 2,1 "Dr Léon Mischo nahm Abschied." In: Luxemburger Wort, 126. Jg., n° 3 (04.01.1973), p. 7 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
- ↑ "Offizielle Ehrung und Abschied von Dr. Léon Mischo." In: Luxemburger Wort, 120. Jg., n° 221 (09.08.1967), p. 6 [Digitised by the National Library of Luxembourg]
- ↑ Warken: Rue Dr Léon Mischo. map.geoportail.lu. Gekuckt de(n) 2024-10-27.