Léon Metzler (Politiker)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat de Politiker Léon Metzler. Fir aner Leit mam Numm, kuckt wgl. Léon Metzler. |
De Léon Metzler, gebuer als Maria Nicolas Leo Metzler den 8. Mäerz 1877 zu Esch-Uelzecht[1] a gestuerwen den 20. Mäerz 1954 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Politiker a Jurist.
Léon Metzler | |
---|---|
Gebuer | 3. Mäerz 1877 |
Gestuerwen | 20. Mäerz 1954 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Affekot |
Nom Secondaire goung hien op Heidelberg, Berlin a Paräis Droit studéieren a gouf Affekot an der Stad.
Vun 1902 bis 1918 war hie sozialdemokrateschen Deputéierten an der Chamber.
1918 gouf hien Direkter vum Contentieux op der ARBED. 1922 koum hien an de Verwaltungsrot vun der SAMOD (Société Anonyme pour la construction de maisons ouvrières à Dudelange).
Wierker (Auswiel)
ännerenDe Léon Metzler ass bekannt duerch seng Fachpublikatiounen am Beräich vum Droit des sociétés zu Lëtzebuerg:
- 1933: “La société à responsabilité limtée dans le Grand-Duché de Luxembourg”. Extrait aus: “Revue pratique des sociétés civiles et commerciales”, n° 3341, p. 300-307, Louvain: Impr. Van Linthout
- 1950: “La personnalité morale et ses limites dans la législation luxembourgeoise”, Luxembourg: Joseph Beffort
- 1951: “Le plan Schuman dans la perspective luxembourgeoise”, Luxembourg: Impr. Jos. Beffort.
- 1952: “L'Humanisme juridique” Bruxelles: E. Bruylant, Luxembourg: V. Buck
- 1953: “L'affaire Dreyfuss: Grand drame des temps modernes: 1894-1906”. Axtrait aus: “Chronique publ. dans la "Pasicrisie luxembourgeoise”
- “In memoriam Paul Eyschen”.
No him genannt
ännerenAls Undenken un de Léon Metzler gouf zu Bouneweg eng Strooss (Rue Léon Metzler) no him genannt.
Gielercher
änneren- Commandeur vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1951)[2]
Um Spaweck
änneren- In memoriam Léon Metzler d'Lëtzebuerger Land, 26.03.1954
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Gebuertsakt Nr. 46/1877 vun der Gemeng Esch-Uelzecht
- ↑ Odre de la Couronne de chêne Auszeechnungen 1951 Memorial A N° 13 vun 1951 Archivéiert de(n) 03.03.2016. Gekuckt de(n) 04.01.2013.