De Kurfürstleche Palais vun Tréier direkt nieft der Basilika, gëllt mat sengem schéine Palaisgaart als ee vun de schéinste Rokoko-Palaise vun der Welt. Dat haitegt Schlass a Sëtz vun der Opsiicht- an Déngschtleeschtungsdirektioun huet ee fürstlecht Trapenhaus, dat Pruecht vun de Kurfürsten an Äerzbëscheef zeréckspigelt.

Kurfürstleche Palais mat Konstantinbasilika

1615 huet de Kurfürst Lothar von Metternich mat dem Bau vum Renaissanceschlass ugefaangen. Hien an duerno de Philipp von Sötern hunn Deeler vun der réimescher Palastaula ofrappe gelooss an de Rescht an d'Schlass integréiert. Eréischt ënner dem Caspar von der Leyen gouf de Bau schliisslech ofgeschloss. Den Äerzbëschof Johann Philipp von Walderdorff huet ëm 1756 no Pläng vum Johannes Seiz, ee Schüler vum groussem Barockbaumeeschter Balthasar Neumann, den Ëmbau vun der haiteger rosarouter Rokoko-Gaardefront op der Südsäit duerchgefouert. D'Skulpture stame vum Ferdinand Tietz. Grad sou vun de Kënschtler Seiz an Tietz staamt déi wonnerschéi Rokoko-Trap am Südflillek.

Déi haiteg Asymmetrie vum Palais ass ëm 1844 entstanen, wéi de Westflillek an een Deel vun der Südsäit nees ofgerappt gi sinn, wéinst dem Ëmbau vun der Basilika als evangeelesch Kierch. Kuerz virdrun ass d'Schlass fir d'éischt vun de Fransousen an duerno vun de Preisen als Kasär benotzt ginn. Schwéiere Schued gouf dem Schlass am Zweete Weltkrich zougefouert, ier d'Bezierksregéierung Mëtt der fofzeger Joren an d'Gebai geplënnert ass.

Palaisgaart änneren

De Palaisgaart mat barocker Gaardekonscht erstreckt sech südlech vum Kurfürstleche Palais bis zu de Keeserthermen. No Oste grenzt dee mat nogebaute Skulpture vum Ferdinand Tietz (Originaler am Musée Simeonstëft) verschéinerte Park un Deeler vun der mëttelalterlecher Stadsmauer an un de Rhäinesche Landesmusée mat haaptsächlech Exponaten aus réimescher Zäit.

Um Spaweck änneren

Commons: Kurfürstleche Palais – Biller, Videoen oder Audiodateien