Keeserthermen (Tréier)
D'Keeserthermen zu Tréier sinn déi jéngst vun den dräi réimeschen Therme vun Tréier. Ufanks vum 4. Joerhonnert gebaut, huet déi haut androcksvoll Ruin, zu de gréissten Therme vum réimesche Räich gehéiert.
Iwwereg ass haut nach de Caldarium, de Sall fir waarm ze bueden, iwwer deen ee bei déi ënnerierdesch Steiergäng, déi fir d'Hëtzen an Entwässere vun der Anlag do waren, an dat kaalt Bad Frigidarium kënnt. A sechs Kesselraim, vun deenen der haut nach véier ze gesi sinn, konnt dat kaalt Waasser erhëtzt ginn. D'Zil vum Ëmbau an der zweeter Hallschent vum 4. Joerhonnert war warscheinlech d'Konstruktioun vun engem Keeserforum.
Wéi all réimesch Bauten aus der Stad, goufen och d'Keeserthermen am Mëttelalter als Steebroch benotzt. Gläichzäiteg huet de Rescht vum Gemaier als Deel vun der mëttelalterecher Stadmauer gedéngt. Haut gehéiert déi Anlag zu der UNESCO-Lëscht vum Weltierwen a bitt mat 650 Sëtzplaze genuch Plaz fir am Summer Theaterstécker opzeféieren.
Kuckt och
änneren- Brot und Spiele (réimesche Festival an de Keeserthermen an am Amphitheater)
- Barbarathermen
- Véimaartthermen
Um Spaweck
ännerenCommons: Thermae in Trier – Biller, Videoen oder Audiodateien |