Péng oder Wéi, heiansdo och Schmäerz genannt, ass eng desagreabel sensoresch an emotionell Erfarung an e subjektiivt Empfannen, dat normalerweis mat enger Botschaft verbonnen ass. Déi Botschaft ass e Reiz, dee vum Nervesystem iwwerdroe gëtt.

Eng Fra verzitt virun akute Péng e Gesiicht, wéi se vun enger Infirmière eng Sprëtz gesat kritt.

Aus biologescher an evolutionärer Siicht si Péng eng Informatioun, déi et dem Bewosstsinn erméiglecht, d'Erfarung vum Zoustand vum Kierper ze maachen an dorop kënnen ze reagéieren. An der Medezin ginn et zwou Aarte vu Péng – déi akut an déi chronesch Péng:

  • akut Péng entspriechen engem "Alarmsignal" vum Kierper, dat am Fall vun enger Menace op déi kierperlech Integritéit, sief et duerch en Trauma (Verbrennung, Wonn, Broch, Schock) oder duerch eng Krankheet, zu enger ugemoossener Reaktioun ureegt;
  • chronesch Péng, also Péng, déi dauerhaft optrieden, gëllen selwer als Erkrankung.

Dat desagreabelt Gefill, dat net auszehale ka sinn, kënnt net onbedéngt zum Ausdrock. Fir et bei anere kënnen ze identifizéiere mussen d'Péng diagnostizéiert ginn. Dat geschitt, an deem ee sech op siichtbar Effekter bezitt, zum Beispill e reflexaartegt Zréckzéie vun de Glidder an den Extremitéite bei akutem Wéi, oder Verännerungen am Comportement, der Attitüd oder der Kierperhaltung bei chroneschem Wéi.

Et gi vill Behandlungsméiglechkeete géint Péng. Et gi weiderhi Studien zu dem Thema duerchgefouert, fir e bessert Verständnes ze kréien; besonnesch fir Wéi ze erkennen, wann et net zum Ausdrock kënnt. Bei Kanner komme Péng net ëmmer zum Ausdrock, a beim Puppelchen war et bis an d'spéit 20. Joerhonnert net offiziell unerkannt,[1] datt se Péng kënnen hunn. Och am Déiereräich ass d'Identifizéierung vun de Péng e Sujet an der Fuerschung.

Kuckt och

änneren
Commons: Péng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. K.J.S. Anand, M.B.B.S., D.PHIL.; P.R. Hickey, M.D: Pain and its effects in the human neonate and fetus, The New England Journal of Medicine, Volume 317, Issue 21: Pages 1321-1329, 19 November 1987.