De Moundkrater Korolev läit ongeféier an der Mëtt vun der Äerdmoundrécksäit. En huet en Duerchmiesser vun ongeféier 420 km a gouf nom russesche Rakéite-Chefconstructeur Sergei Koroljow (1907–1966) genannt.

Moundkrater Korolev
De Moundkrater Korolev (Foto: Lunar Orbiter 1.
Eegenschaften
Breet - 4,14° S
Längt - 157,22° W
Duerchmiesser 423,41 km
Déift ?
Selenographesch Längt 163° bei Sonnenopgank
Genannt nom Sergei Koroljow
(1907–1966)
Genannt am Joer 1970
Schwéieanomalien op der Äerdmoundrécksäit. De Krater Korolev ass den hellbloe Krees riets an der Bildmëtt (wéineg Schwéierkraaft), dräieckfërmeg (rout) sinn Gebidder mat héijer Schwéierkraaft.

De grousse Krater huet d'Form vun engem risegen Duebelrank, woubäi de bannenzege Rank bal 200 km Duerchmiesser huet, a weist kreesfërmeg eng negativ Schwéieanomalie op (negative Mascon), déi sech ronderëm an d'staarkt positiv ännert. Am Zentrum vun der Formatioun sinn en ettlech kleng Krateren, dorënner zwéi mat iwwer 50 km Duerchmiesser.

Genee déi selwecht Form vum Duebelrank fënnt een och bei de Risekrateren Apollo an Hertzsprung déi südlech resp. ëstlech leien. Déi dräi Groussstrukture vun der Moundrécksäit gläiche sech am Opbau (méi schwaach och dem Mare Orientale), wat op eng selwecht Genesis hiweist.

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
B 3,66° S, 156,22° W7 20 km [1]
C 0,76° S, 153,18° W7 66 km [2]
D 0,36° S, 151,78° W7 24 km [3]
E 3,4° S, 153,31° W7 37 km [4]
F 4,23° S, 152,67° W7 31 km [5]
G 5,63° S, 153,37° W7 12 km [6]
L 5,8° S, 156,69° W7 28 km [7]
M 8,52° S, 157,36° W7 56 km [8]
P  S, 159,82° W7 18 km [9]
T 4,25° S, 157,56° W7 23 km [10]
V 1,26° S, 161,82° W7 18 km [11]
W 0,26° S, 160,35° W7 31 km [12]
X 0,52° N, 159,18° W7 30 km [13]
Y 0,56° S, 158,39° W7 19 km [14]

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Krater Korolev – Biller, Videoen oder Audiodateien