Alsteenzäit

éischt a längst Periode vun der Urgeschicht
Virgeschicht
Holozen (➚ Fréigeschicht)
Eisenzäit
  Spéit Bronzezäit  
  Mëttel Bronzezäit
  Fréi Bronzezäit
Bronzezäit
    Koffersteenzäit    
  Jongsteenzäit
Mëttelsteenzäit
Epipaleolithikum
Pleistozen     Jonkpaleolithikum  
    Mëttelpaleolithikum
    Alpaleolithikum
  Alsteenzäit
Steenzäit

D'Al- oder Fréisteenzäit, den eelsten Deel vun der Steenzäit huet an Europa vu ronn 2.500.000 bis 8.000 v. Chr. gedauert (ongeféier bis d'Enn vun der leschter Äiszäit) an ëmfaasst domat dee gréissten Deel vun der Mënschheetsgeschicht.

D'Alsteenzäit oder Paleolithikum gëtt nach eng Kéier agedeelt an Alpaleolithikum, Mëttlere Paleolithikum a Jonkpaleolithikum.

D'Alpaleolithikum fänkt per Definitiounn do un, wou d'Mënschen ugefaangen hunn, Steng als Geschier ze gebrauchen. Laang waren dës Steng net besonnesch sophistikéiert, mä virun ongeféier 600.000 Joer, am Acheuléen, koumen déi éischt Fauschtkäiler op. Dës Period huet ronn 500.000 Joer gedauert, ouni datt sech villes geännert hätt.

Am Alpaleolithikum hunn d'Mënschen och eng éischt Kéier d'Feier benotzt, wat eng wichteg Viraussetzung war, sech a méi kale Géigenden néierzeloossen, an och Fleesch (duerch Kachen oder Broden) besser verdaulech ze maachen.

Den Ufank vum Mëttelpaleolithikum, virun ongeféier 120.000-130.000 Joer, gëtt doru festgeluecht, datt d'Fauschtkäiler engersäits eng méi asymmetresch Form kruten an och Stécker vum Steen, déi ofgebrach goufen, villsäiteg als Geschier zum Asaz koumen. D'Mënsche waren nach ëmmer Jeeër a Sammler. Se hate Waffen, déi aus Steen an Holz zesummegesat waren; éischt Konschtwierker a Museksinstrumenter (Flütten aus Schank) si beluecht. Déi Doudeg goufe begruewen an et goufen hinne Saache mat an d'Graf geluecht.

Am Jongpaleolithikum, deem säin Ufank virun enger 40.000 Joer festgeluecht gëtt, kënnen eng éischt Kéier regional Ënnerscheeder an der Entwécklung festgestallt ginn. Am Aurignacien dauchen a Mëttel-, West- a Südeuropa laang, schmuel Lamën a Messeren op, fréi Fielsmolereie vun deemools goufen a Frankräich entdeckt. Aus där Period ass och ëmmer méi Geschier aus organeschem Material (Holz, Schank, Har) erhalen. Vu virun ongeféier 28.000 bis virun 21.000 Joer u gëtt et Fruchtbarkeetssymboler oder méiglecherweis och Representatioune vu Gëttinnen, wéi d'Venus vu Willendorf. Hielemolereien, Bijouen a méi raffinéiert Geschier ginn ëmmer méi heefeg.