Kirikou et la sorcière

Kirikou et la sorcière ass en Animatiounsfilm vum Michel Ocelot aus dem Joer 1998. Et ass eng franséisch-belsch-lëtzebuergesch Koproduktioun an eng Adaptatioun vun engem afrikanesche Märchen. De lëtzebuergeschen Titel ass De Kirikou an d'Zauberin.

Kirikou et la sorcière
Film
Produktiounsland Frankräich
Belsch
Lëtzebuerg
Première 1998
Dauer 71 min
Faarf Faarweg
Format 1,66:1
Originalsprooch Franséisch
Ekipp
Regie Michel Ocelot
Dréibuch Michel Ocelot
Musek Youssou N'Dour
Schnëtt Dominique Lefever
Produzent Didier Brunner, Paul Thiltges, Jacques Vercruyssen, Violette Vercruyssen, Arlette Zylberberg, Vilnis Kalnaellis, Jacqueline Pierreux
Produktiouns-
gesellschaft
Les Armateurs, Odec Kid Cartoons, Monipoly Productions, Trans Europe Film, Studio O, France 3 Cinéma, RTBF, Exposure
Schauspiller
Stëmmen:
Doudou Gueye Thiaw: Kirikou als Kand
Maimouna N'Diaye: d'Mamm
Awa Sène Sarr: Karaba
Robert Lionsol: de Mann um Bierg
William Nadylam: Kirikou als jonke Mann
Sébastien Hébrant: Kirikou als jonke Mann
Tshilombo Lubambu: de Monni
Marie Augustine Diatta: staark Fra
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

An engem klenge westafrikaneschen Duerf gëtt de winzege Jong Kirikou gebuer. Hien huet scho geschwat, wéi hie nach bei senger Mamm am Bauch war. En ass intelligent a kann immens séier lafen. Hien ass an aller Hisiicht e besonnescht Kand.

D'Duerf gëtt vun der béiser Zauberin Karaba tyranniséiert. Si huet scho bal all d'Männer gefaange geholl. Et si just nach Fraen, Kanner, een ale Mann an dem Kirkou säi Monni iwwreg. D'Zauberin mécht alles, fir den Duerfbewunner hiert Liewe schwéier ze maachen. Si léisst déi noost Quell ausdréchnen, schéckt verzaubert hëlze Fetischen an d'Duerf fir Bijouen an aner wäertvoll Saachen ze klauen, a probéiert e puermol, och d'Kanner z'entféieren. Dobäi verléisst si ni hiert Haus.

De schlaue Kiriku léisst sech awer net vun der Karaba beandrocken a kann d'Zauberin ëmmer op en Neits eraleeën. Hie sabotéiert der Karaba hir Entféierungsversich a bréngt d'Waasserquell nees zum spruddelen. Schliisslech mécht hie sech op de geféierleche Wee bei säi gescheite Bop, deen an de Bierger hannert der Karaba hirem Haus lieft. Vu sengem Bop léiert de Kirikou, datt d'Karaba selwer verzaubert ass, well béis Mënschen hir viru laanger Zäit en Dar déif an d'Réckkräiz gestouss hunn.

Mat engem Trick geléngt et dem Kirikou, deen Dar aus der Karaba hirem Réck ze zéien. Doduerch fält d'Béisaartegkeet vun hir of a si gëtt erëm eng normal Fra. Och de Kirikou gëtt erléist. E Kuss vun der Karaba léisst hien e grousse, staarke Mann ginn.

Filmproduktioun änneren

De Film hat e Budget vu 25 Millioune franséisch Frang, ronn 3,8 Milliounen Euro. E groussen Deel vum Budget gouf mat finanzielle Subside vun enger Rei ëffentlechen Institutioun gedeckt, dorënner Gelder aus engem europäeschen, engem franséischen, engem belschen an dem lëtzebuergesche Filmfong. Eleng vum Lëtzebuerger Filmfong krut d'lëtzebuergesch Produktiounsgesellschaft Monipoly Productions 1996 e Subsid vun 12,5 Millioune Lëtzebuerger Frang.[1]

E puer Joer nodeem en erauskomm war, gouf och eng lëtzebuergesch Versioun opgeholl, mam Titel De Kirikou an d'Zauberin, mat de Stëmme vun ë. a. dem David Thiltges, Françoise Hetto-Gaasch, Monique Melsen, Pol Greisch, Christiane Rausch, Rol Girres, Juliette Thitges, Lee Philipps, Lou Philipps, Joy Philipps, Jos Kasyer, a Marie Gales.[2]

Accueil änneren

Kirikou et la sorcière ass den éischte Laangspillfilm vum Michel Ocelot. E war e grousse kriteschen a kommerzielle Succès. A Frankräich war bal eng Millioun Leit en an de Kino kucken. De Film hat e positiven Impakt op d'Entwécklung vun der Animatiounsfilmindustrie a Frankräich an op d'Finanzéierung vu weideren animéierte Spillfilmer an de Joren duerno.

En ass op Filmfestivallen op der ganzer Welt gelaf a krut vill Filmpräisser.

2005 koum eng Fortsetzung an de Kino, Kirikou et les bêtes sauvages, an 2012 en drëtte Film, Kirikou et les hommes et les femmes.

Referenzen änneren

  1. Rapport d'activité du Ministère de la culture 1996, Mäerz 1997, Säit 114
  2. Pochette vun der DVD.