Monique Melsen

lëtzebuergesch Sängerin a Schauspillerin

D'Monique Melsen, gebuer de 24. Februar 1951 zu Ettelbréck, ass eng lëtzebuergesch Sängerin a Kabarettistin.

Monique Melsen
Gebuer 24. Februar 1951
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sänger

Der Monique Melsen hir Gesangscarriére huet ugefaangen, nodeem si 1969 de Gesangsconcours Symphonie 69 zu Ettelbréck gewonnen hat. Am selwechte Joer ass hir éischt Single "Moonlight/Happy End" op de Maart komm. 1970 koum schonn déi zweet Single eraus.

Mat der drëtter Single an dem Lidd "En frappant dans tes mains" huet si beim Grand Prix RTL den éischte Präis vun de Benelux-Länner gewonnen. Duerno si Radiossendungen, Fernseeoptrëtter an eng éischt Auslandstournee nokomm. A Griicheland huet si Lëtzebuerg ënner 39 Konkurrente beim Festival des trois Olympiades de la Chanson d'Athènes mam Titel "La mer mon amie" vertrueden.

1971 huet si Lëtzebuerg mam Lidd Pomme, pomme, pomme beim Grand Prix Eurovision de la Chanson zu Dublin vertrueden an domat déi 13. Plaz[1] erreecht.

1972 war si op engem Song-Festival a Portugal, an 1973 op engem a Bulgarien. Mat verschiddene Lidder an englescher Sprooch huet si hir international Popularitéit gefestegt. D'Lidd "Maybe the morning"[2] gouf vun der BBC gespillt an et koum och an déi däitsch Hitparad.

1972-1974 huet d'Monique Melsen an der internationaler Pop-Grupp Family Tree gesongen, déi vum Ralph Siegel fir Däitschland produzéiert gouf, a wou och d'Donna Summer mat dobäi war. Mat där Grupp zesummen huet si zwou LP-Placken an eng Single opgeholl. Nodeem d'Grupp ausernee gaangen ass, huet si zu Lëtzebuerg ënner der Leedung vun hirem Manager Felix Schmitz d'Rock-Grupp Cool Breeze matgegrënnt.

Mat Cool Breeze zesummen huet d'Monique Melsen eng LP an eng Single opgeholl, déi op der MIDEM, dem Musekfestival vu Cannes, virgestallt gi sinn. Den internationalen Erfolleg ass awer ausbliwwen. Am August 1975 ass d'Grupp zerfall. D'Monique Melsen huet sech bestuet a sech an d'Privatliewen zeréckgezunn.

1985 ass si beim Concert fir Afrika opgetrueden an huet um Lidd "Afrika" matgesongen. Bei där Geleeënheet ass et dem Felix Schaber gelongen, si fir seng Jazz-Rock-Grupp What Shaw z'engagéieren. 1986 huet si zesumme mat What Shaw eng Single opgeholl. Si huet d'Grupp awer nees verlooss.

An de leschte Joren trëtt si an de Cabaretsprogrammer vu Cabarenert op, wou si virun allem mat hire parodistesche Stëmm-Imitatioune vu Perséinlechkeete wéi der Léa Linster oder der Astrid Lulling Succès huet.

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Offiziell Eurovision-Websäit mat de Resultater vun 1971
  2. Single vun 1972 mat de Lidder Maybe the morning/Song for Everybody