Kierch Welschent
D'Kierch zu Welschent ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Dikrich Le Bon Pasteur, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Buerschent gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Parkierch vu Welschent (2014) | ||||
Uertschaft / Plaz | Welschent | |||
Par | Dikrich Le Bon Pasteur | |||
Dekanat | Zentrum | |||
Numm / Patréiner | Hl. Jakobus | |||
Konsekratioun | 1880 | |||
Architekt(en) | A. Hartmann | |||
Koordinaten | 49° 53’ 12.1’’ N 06° 03’ 53.2’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Jakobus deem säi Fest de 25. Juli gefeiert gëtt.
D'Kierch steet tëscht dem Kierchewee an der Waarkstrooss. Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.
Zur fréierer Par Welschent gehéiert ausser der Parkierch vu Welschent och nach d'Filialkierch vu Bierden.
Geschicht änneren
1874/75 gouf déi al Kierch vu Welschent ofgerappt an eng nei gebaut no de Pläng vum Architekt Antoine Hartmann. Se gouf de 7. Juli 1880 vum Bëschof Nicolas Adames geweit.
Nieft der Kierch steet eng Lourdes-Grott déi 1958 fäerdeggestallt gouf. 1995 krut d'Kierch eng Uergel déi vun der Firma Schumacher vu Baelen bei Sankt Vith gebaut gouf.
Literatur änneren
- Broschür: Welschent 1998, 50 Joer Pompjeeën, 20 Joer Dëschtennis
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Kierch Welschent – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Fënstere vun der Kierch vu Welschent op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- D'Uergel vun der Kierch op Orgues.lu
- D'Kierch Welschent an der Facebookgrupp Patrimoine religieux Luxembourg - Reliéisen Ierwen Lëtzebuerg [sic]
-
D'Kierch aus westlecher Richtung gesinn
-
D'Kierch aus ëstlecher Richtung gesinn
-
Den Agang fir an d'Kierch