Kierch Nidderpallen
kathoulesch Kierch
D'Kierch zu Nidderpallen ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Atertdall Sainte-Claire an zu der Gemeng Réiden op der Atert gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Parkierch vun Nidderpallen (2014) | ||||
Uertschaft / Plaz | Nidderpallen | |||
Par | Atertdall Sainte-Claire | |||
Dekanat | Zentrum | |||
Numm / Patréiner | Hl. Bernhard | |||
Baujoer | 1868[1] | |||
Koordinaten | 49° 45’ 17.1’’ N 05° 54’ 43.6’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kierch huet als Patréiner den hellege Bernhard, deem säi Fest den 20. August gefeiert gëtt.
Si steet an der rue de Reichlange, dem CR106C. Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.
Zur fréierer Par Nidderpallen huet ausser der Parkierch vun Nidderpallen och nach d'Filialkierch vun Näerden gehéiert.
De leschte Paschtouer deen am Paschtoueschhaus zu Nidderpalle gewunnt huet war den Albert Weber, deen 1980 un de Follge vun engem Autosaccident gestuerwen ass[2]. Zanterhier a bis an d'Joer 2000 gouf d'Par Nidderpallen mat der Filial Näerden vum Paschtouer aus dem Schweecherdall verwalt.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Kierch Nidderpallen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vun der Par Atertdall Sainte-Claire (lb)
- D'Fënstere vun der Kierch vun Nidderpallen op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
-
D'Kierch vun Nidderpallen aus nordwestlecher Richtung gesinn.
-
D'Stroossekräizung bei der Nidderpallener Kierch.
Referenzen
änneren- ↑ Luxemburger Wort vum 15. Januar 1868..
- ↑ Pfarrer Albert Weber aus Niederpallen tödlich verunglückt. Luxemburger Wort (n° 59) vum 11. Mäerz 1980, p. 6..